Haaptmenü opmaachen

De Bengt Westerlund, gebuer de 17. Januar 1921 zu Gävle a gestuerwen de 4. Juni 2008 zu Uppsala war e schwedeschen Astronom, dee besonnesch fir seng Studien vun der Magellansch Wolleke bekannt ass.

De Westerlund war vun 19751987 Professer fir Astronomie op der Universitéit Uppsala. Den oppene Stärekoup Westerlund 1, dee no him genannt ass, hat sech als ee vun de räichste jonke Kéip vun der Galaxis erausgestallt. Den Asteroid (2902) Westerlund gouf bei senger Pensionéierung no him genannt. 2004 huet hien de Westerlund-Teleskop zu Uppsala ageweiht, deen och säi Numm dréit.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren