Déi national Säite vun de belschen Euromënzen:

Éischt Serie (1999-2007) änneren

All aacht Mënzen hunn de selwechte Sujet: De Kinnek Albert II. a säi kinnekleche Monogramm, ronderëm sinn déi 12 Stäre vun der EU an d'Joer, wou se geklappt goufen. Den Design ass vum Jan Alfons Keustermans.

Zweet Serie (vun 2008 un) änneren

Déi Serie, déi vun 2008 un erauskënnt, ënnerscheet sech just an Detailer vun där éischter: De Portrait vum Kinnek Albert ass liicht adaptéiert ginn, nei sinn d'Buschtawe "BE" (fir d'Land) riets dovun, an och Monogramm an d'Joreszuel sinn elo am banenzegsten Deel vun der Mënz.

2-Euro-Gedenkmënzen änneren

2005 änneren

De 25. Mee 2005 koum an enger Oplo vu 6 Mio. Stéck déi éischt 2-Euro-Gedenkmënz erausginn. Dorop ze gesinn sinn den Albert II. an de Grand-Duc Henri fir un d'Belsch-lëtzebuergesch Wirtschaftsunioun z'erënneren.

2006 änneren

Fir d'Enn vun der Renovatioun vum Atomium ze zelebréieren, ass am Abrëll 2006, an enger Oplo vu 5 Mio. Exemplairen eng Extramënz erauskomm.

2007 änneren

Wéi déi aner Memberstaate vun der Eurozon och, huet d'Belsch eng Mënze zum 50. Anniversaire vun de Réimeschen Traitéen, de 25. Mäerz 2007, erausginn. D'Iwwerschrëft ass op Latäin: PACTVM ROMANVM QVINQVAGENARIVM, Den Numm vum Land ass an allen 3 offizielle Sprooche vun der Belsch, nämlech op Däitsch, Franséisch an Hollännesch.

2008 änneren

Wéi 3 aner Länner och gedenkt d'Belsch dem 60. Joresdag vun der Universaler Deklaratioun vun de Mënscherechter.

2009 änneren

D'Belsch gëtt 2 Gedenkmënzen eraus: Mat deenen anere 15 Eurolänner eng fir den 10. Anniversaire vun der europäescher Wirtschafts- a Wärungsunioun, an eng zum 200. Gebuertsdag vum Louis Braille.

2010 änneren

2010 huet d'Belsch am 2. Semester d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun, dat dann och de Sujet vun der Gedenkmënz vun deem Joer ass.


Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.

Um Spaweck änneren

Commons: Belsch Euromënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien