D'Buchwärung oder d'Giralgeld, monnaie scripturale op Franséisch, ass eng Bezeechnung fir d'Geld dat net a Form vu Boergeld, dat heescht net a Form vu Geldschäiner oder Mënze materialiséiert ass. Et ass d'Geld dat a Form vu Siichtkonten a Kreditter besteet, kuerzfristeg disponibel ass a benotzt ka ginn, fir ze bezuelen. D'Banke gräifen also och an de Prozess vun der Geldschafung an.

D'Boergeld an d'Buchgeld stellen zesummen déi verfügbar Geldmass an engem Land oder enger Wärungszon duer.