Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Ofwäertung ass eng bewosst a gewollt Operatioun, déi dora besteet, de Wäert vun enger Wärung nei festzeleeën an no ënnen erofzesetzen, sief a bezuch op d'Gold, sief et am Verglach zu anere Wärungen. Wann ofgewäert ginn ass, dann ass dat mat verschidden Absichte geschitt:

  • fir d'Inflatioun ze bremsen,
  • fir der Kapitalflucht e Reedel zouzemaachen,
  • fir d'Wettbewerbssituatioun vun enger Wirtschaft ze verbesseren,
  • kuerz fir d'Vertrauen an eng Wärung erëm hierzestellen.

Fréier, wéi de Goldstandard nach bestong, huet eng Ofwäertung dora bestanen, de Géigewäert a Gold erofzesetzen. No 1974 ass aus enger Ofwäertung eng komplex multilateral Operatioun ginn, un där méi wéi ee Land bedeelegt ass. Et geet haut dofir och nimmi vun enger Ofwertung rieds, awer vun enger Ännerung oder engem Ajustement vun de Wärungsparitéiten. No 1974 sinn dës Ännerunge bannen an der Europäescher Unioun kollektiv virgeholl ginn a si hate munnechmol als Resultat, datt e Land géigeniwer engem Land seng Wärung opgewäert a géintiwwer engem anere Land se ofgewäert huet.