Bastelica ass eng franséisch Gemeng op der Insel Korsika.

Bastelica
De Sampieri Corso

De Sampieri Corso
De Sampieri Corso
Land Frankräich
Regioun Korsika
Departement Corse-du-Sud
Arrondissement Ajaccio
Kanton Gravona-Prunelli
Postcode 20119
Gemengecode 2A031
Koordinaten 42° 00’ 10’’ N
      09° 03’ 05’’ O
Fläch  12 769 ha
Bevëlkerung  460 (1999)

Bastelica war schonn ëm d'Joer 1000 eng wichteg Uertschaft, an Hierdenzentrum. Si gouf deemools bekannt well den Här vu Venaco, do de Grof vu Cinarca ëmbruecht hat.

Et ass och d'Heemecht vum Sampieri Corso (1498-1567), dem korseschte vun de Korsen, deen ëmmer Oppositioun géint d'Genuaner gemaach huet, déi hie schliisslech och ëmbruecht hunn.

Säi Gebuertshaus zu Dominicacci gouf am 18. Joerhonnert restauréiert, an zum groussen Deel frësch opgeriicht.

D'Gemeng besteet aus 6 Uertschaften. Am alen Duerf gëtt et vill al stengen Haiser mat gravéierte Parten a sculptéierten Dieren.

D'Parkierch aus dem 19. Joerhonnert huet e Kuppeltuerm, an den Haaptaltor ass aus faarwegem Marber.

Kuckeswäertes sinn de Pont génois vun Zippitoli, de Ponte-Vecchio (al Bréck) iwwer de Prunelli, an déi sëllegen traditionell Hierdenhaiser.

Ronderëm Bastelica gëtt et vill Plazen déi iwwer 2000 m leien, an den héchste Punkt ass de Mont Renoso mat 2.352 m.

Duerch déi ganz Gemeng leeft de Prunelli, deen d'Géigend duerch seng Griechten an de Séi vu Vitalacca touristesch intressant mécht.

Val d'Ese ass eng kleng Wantersportstatioun an der Gemeng.

Um Spaweck änneren

Commons: Bastelica – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och änneren