Barnard 86
De Barnard 86 ass en Donkelniwwel, respektiv eng Bok-Globul, ee raimlech enk begrenzten Deel vun enger Moleküllwollek, an deem Stäre gebuer kënne ginn. E läit am Stärebild Sagittarius an ass ongeféier 1950 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech. Ëm d'Donkelwollek steet de Stärekoup NGC 6520.
Date vum Barnard 86 | |
---|---|
![]() | |
Stärebild | Sagittarius (Sgr)
|
Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
Rektaszensioun | 18h 02m 58s |
Deklinatioun | - 27° 52' 06"[1] |
Ausgesinn | |
Niwweltyp | Donkelniwwel |
Distanz | 1950 Lj |
gehéiert zu | Mëllechstrooss |
Mass | M─ |
Entdecker | Edward Emerson Barnard 1905 |
Katalogbezeechnungen | |
LDN 93, [CB88] 107 |
D'Katalogbezeechnung vun der Donkelwollek geet drop zeréck, well den Astronom Edward Emerson Barnard si 1919 a säi Katalog vun donkelen Niwwelen opgeholl huet.