Ban Ki-moon
(Virugeleet vu(n) Ban Ki Moon)
De Ban Ki-moon (woubäi Ban de Familljennumm ass), gebuer den 13. Juni 1944 am Landkrees Eumseong vun der südkoreanescher Provënz Chungcheongbuk-do, ass e südkoreanesche Politiker. Hie war vu Januar 2004 bis November 2006 Aussen- an Handelsminister vu sengem Land. Vum 1. Januar 2007 bis Enn 2016 war hien den aachte Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
Ban Ki-moon | |
---|---|
Gebuer | 13. Juni 1944 |
Nationalitéit | Südkorea |
Educatioun |
John F. Kennedy School of Government, Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Schrëftsteller |
Partei | Onofhängeg |
De Ban Ki-moon ass bestuet mat der Yoo (Ban) Soon-taek, déi hien 1962 op der Universitéit kennegeléiert hat. Si hunn zesummen ee Jong an zwee Meedercher. Nieft dem Koreanesch schwätzt de Ban Englesch a Franséisch.
Gielercher
änneren- Großes Goldenes Ehrenzeichen mit dem Stern für Verdienste um die Republik Österreich[1].
Um Spaweck
ännerenCommons: Ban Ki-moon – Biller, Videoen oder Audiodateien |