De Begrëff Backronym (IPA: [ˈbækɹənɪm]) bezeechent en Akronym oder eng Ofkierzung, déi nodréiglech en neie Bedeitungsinhalt krut. Backronym ass dobäi eng Wuertkräizung aus „hannerzeg“ (englesch back), an Akronym (englesch acronym).

E witzegt Beispill fir e Backronym ass d'Interpretatioun vun OGBL: „Owes – Geet – d'Bomi“ – Lafen“ (eigentlech: Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg).

Backronymmer kommen awer och am eeschte Geschäftsliewe vir, zum Beispill, wann eng Firma den Numm vun engem Produit bäibehält, nodréiglech awer eng aner Interpretatioun dovu kreéiere wëllt. E gutt Beispill dofir ass hei d'DB, déi sech bei der Ëmstrukturéierung vun Deutsche Bundesbahn an Deutsche Bahn AG ëmbenannt huet. Nieft der laangfristeger Ëmdeitung vum Firmennumm, gi Backronymmer och fir kuerz- a mëttelfristeg Imagekampagne benotzt. Sou zum Beispill beim Konzern BP, wat ursprénglech British Petroleum bedeit huet, elo awer a beyond petroleum (méi wéi Bensinn) ëmbenannt gouf, fir d'Engagement an neien Energien z'ënnersträichen.

Dat wuel bekanntst Lëtzebuerger Beispill ass d'Partei ADR. Uganks sollt dëse Backronym Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet bedeiten, gouf am Mäerz 2006 dann awer an Alternativ Demokratesch Reformpartei ëmbenannt.

Vill Backronymmer sinn och Apronymmer.

Dacks ginn och Backronymmer zu Wierder gebilt, déi ursprénglech keng Ofkierzunge waren, zum Beispill beim Perl.

Beispiller änneren

  • GSM – „Global System for Mobile Communications“ – ursprénglech „Groupe Spécial Mobile“ (no der Fuerschungsgrupp)
  • ICE – „InterCity Express“ – ursprénglech „Intercity Experimental“
  • ISDN – „Integrated Services Digital Network“ – ursprénglech „Integriertes Sprach- und Datennetz“
  • PHP – „PHP: Hypertext Preprocessor“ – ursprénglech „Personal Home Page“ (dobäi ass awer e rekursiven Akronym entstanen)
  • RAID – „Redundant Array of Independent Disks“ – ursprénglech „Redundant Array of Inexpensive Disks“

Humorvoll änneren

  • NSA – „No such agency“ (lëtzebuergesch: Keng sou eng Agence, eng Uspillung op d'Netexistenz vun der Agentur – wéinst der Geheimhaltung huet keen däerfte wëssen, wat déi Agency iwwerhaapt mécht, also huet och keen däerfe wëssen, datt et se iwwerhaapt gëtt)
  • NTSC – „Never The Same Color“ (lëtzebuergesch: Nimools déi selwecht Faarf, eng Uspillung op déi technesch bedéngte Faarfschwankunge vum amerikanesche Televisiounssystem)
  • PCMCIA – „People Can't Memorize Computer Industry Acronyms“ (lëtzebuergesch: d'Leit kënne keng Computerindustrie-Ofkierzunge verhalen)

Am Lëtzebuergeschen änneren

  • BMW - Bomi mam Weenchen, eigentlech Bayerische Motoren Werke