Bäerbelekierch zu Biermereng

D'Bäerbelekierch zu Biermereng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Schengen gehéiert.

Kierch vu Biermereng
Parkierch vu Biermereng (2013)

Parkierch vu Biermereng (2013)
Parkierch vu Biermereng (2013)
Uertschaft / Plaz Biermereng
Par Dräilännereck
Musel a Ganer
Saint-Nicolas
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Barbara
Baujoer 1836
Koordinaten 49° 29’ 10.0’’ N
      06° 19’ 17.6’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Patréinesch vun der Kierch ass d'helleg Bäerbel, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet an der rue Jean Hengen, zirka 30 m vun der Kräizung mat dem CR150/152.

Den 30. September 2020 gouf se als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht. An der Morgue vum Kierfecht steet en aalt Weekräiz.

Geschicht änneren

Schonn 1570 gouf zu Biermereng eng Kapell ernimmt déi dem hellege Simeon geweit war.

1826 war d'Kapell an d'Paschtoueschhaus ënner dem Paschtouer Chevalier a sou schlechtem Zoustand datt en eng dréngend Renovéeirung verlaangt huet. De Gemengerot huet dofir 800 Florins am Budget virgesinn. Den Architekt Schaar vu Gréiwemaacher krut den Optrag d'Pläng auszeschaffen. Déi goufen awer vun der Regierung net approuvéiert.

1830 gëtt Biermereng am Direktorium vun Namur als bëscheeflech Par ernimmt, déi 1873 zu enger staatlecher Par erhuewe gouf.

Den 22. September 1835 krut den Entreprener Jacques Wolf vu Réimech den Optrag eng nei Kierch ze bauen.

1836 ass d'Kierch fäerdeg ginn. Se hat awer keng Sakristei an nëmmen en hëlzenen Tuerm.

1857 ass och d'Renovéierung vum Paschtoueschhaus gemaach ginn. 1962 gouf et ofgerappt.

1863 guof vum Paschtouer Hubert Gaul en neie goteschen Altor ugeschaaft.

Am Joer 1867 ass d'Kierch renovéiert ginn.

1873 ass vum Paschtouer Seyler eng zweet, méi grouss Klack ugeschaaft ginn, déi zu Wäiswampech kaaft gouf.

1874 ass de Kierchtuerm gebaut ginn an d'Kierch gouf ëm 5 Meter verlängert. Am selwechte Joer ass am Tuerm och nach eng Auer agebaut ginn, déi vun engem Här Straus vu Biebereg geliwwert gouf.

1877 ass vum Paschtouer Seyler eng Statu vun der Kierchepatréinesch, der helleger Bäerbel, an eng Nisch am Kierchtuerm opstelle gelooss ginn, déi vum Sculpteur Carl Walter vun Tréier fir 104 Mark geliwwert gouf.

Am Joer 1926 si vum Nicolas Brücher vun Elveng Molereien am Chouer vun der Kierch gemaach ginn.

Am Abrëll 1943 sinn déi zwou Klacken am Klackestull ëmgehang gi fir se fir déi spéider Elektrifizéierung virzebereeden. Dobäi si s'ëm 90 Grad gedréit ginn an hunn doduerch och e bessere Klang kritt. D'Elektrifizéierung vun de Klacken ass dunn am Juli 1944 gemaach ginn.

Am Hierscht 1957 si Renovéierungsaarbechten un der Fassad an um Daach vun der Kierch ugefaange ginn déi bis Mäerz 1958 gedauert hunn.

1962 ass en neit Paschtoueschhaus gebaut ginn.

Den 11. Juni 1964 gouf déi nei amenagéiert Kierch vum Bëschof Léon Lommel nei konsekréiert. Mat der Konsekratioun war och eng Firmung verbonnen. Am selwechte Joer krut d'Kierch en neie Kräizwee aus Lannenholz vum Sculpteur Émile Hulten.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bäerbelekierch zu Biermereng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).