Azeglio Bemporad

italieeneschen Astronom

Den Azeglio Bemporad, gebuer den 19. Mäerz 1875 zu Siena a gestuerwen den 11. Februar 1945 zu Catania war en italieeneschen Astronom.

Azeglio Bemporad
Gebuer 19. Mäerz 1875
Siena
Gestuerwen 11. Februar 1945
Catania
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Aktivitéit Astronom

De Bemporad huet Mathematik op der Scuola Normale Superiore zu Pisa studéiert a war dunn Assistent am Observatoire zu Turin an nodeems en zwëschenduerch zu Heidelberg an zu Potsdam war, vun 1904 am Observatoire vu Catania, wou hien un engem Catalogo Astrofotografico geschafft huet. Vun 1912 u war hien Direkter vum Observatoire vu Capodimonte zu Neapel, dat hien a Richtung Astrophysik ausgeriicht huet. 1938 gouf hien als Judd wéinst den antisemittesche Gesetzer vum Mussolini entlooss. 1943 gouf hien zwar rehabilitéiert, ass awer net op seng Plaz zeréckgaangen.

Hien huet en Artikel iwwer atmosphäresch Observatiounsstéierungen an der Enzyklopädie der mathematischen Wissenschaften geschriwwen.

Um Spaweck änneren