Astronomeschen Observatoire vu Capodimonte

Den Astronomeschen Observatoire vu Capodimonte (it: Osservatorio Astronomico di Capodimonte), ass en Observatoire vum Istituto Nazionale di Astrofisica an Italien. E steet um Capodimonte, zu Neapel.

D'Gebäi mat enger Teleskopkuppel, lénks.

1812 gouf de Grondstee fir de Kinneklech Astronomeschen Observatoire geluecht. De Bau war 1819 fäerdeg an déi éischt Observtioune goufen ënner der Direktioun vum Carlo Brioschi gemaach.

Den Observatoire huet e 40-cm-Ritchey-Chretien-Spigelteleskop, e Meridiankrees, e funktiounsfäegt historescht Lënsenteleskop aus dem Joer 1863, e Musée iwwer astronomesch Instrumente r an et huet och e Planetarium.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie