Den Avraham Barkai, gebuer 1921 zu Berlin, a gestuerwen den 29. Februar 2020, war een däitschstämmegen-israeeleschen Historiker, Ekonomist an Antisemitismusfuerscher.

Avraham Barkai
Gebuer 1921
Berlin
Gestuerwen 29. Februar 2020
Nationalitéit Däitschland, Israel
Aktivitéit Neizäithistoriker, Historiker, Ekonomist

Liewen änneren

Den Avraham Barkai koum am Berliner Scheunenviertel als Jong vun engem Tora-Schreiwer op d'Welt.[1] Hien huet do mat senge streng orthodox-ostjiddeschen Eltere seng Kandheet als Eenzelkand verbruecht.[2] E gouf souzesoen an de Glawen era gebuer. En huet sech awer, wéi vill a sengem Alter, als Jugendlechen dovun distanzéiert.[3] Eng Kandheet an eng Jugend ouni Suerge war an der Ëmgéigend, wou den Avraham opgewuess ass, eng Raritéit. An dat scho guer net fir déi jiddesch Kanner no 1933. Hien a seng Famill hunn op ganz enkem Raum zesummegelieft. Hien huet als Kand an der Stuff misse schlofen.[2] Am Alter vu véier Joer huet en ugefaangen d'Tora ze léieren. Do huet en, mat anere Jongen a sengem Alter, geléiert Hebräesch ze liesen. Wéi hie selwer seet, kann hie sech awer besser un déi Zäit déi hien op der Strooss verbruecht huet, erënneren, wéi un déi am Cheder. Mat 10 oder 11 Joer huet hie Kontakt mat puer jonke Chômeuren, déi bei hinnen an der Géigend gewunnt hunn, opgeholl. Déi meescht vun hinne ware Kommunisten. Zu deem Zäitpunkt huet dann och seng politesch Erzéiung ugefaangen.[4]

Bei engem vun de Walgäng am Joer 1932 stoung hien an den éischte Reie vun den Demonstranten. Zesumme mat deenen Aneren huet hie misse virun der Police fortlafen.[5] Am Géigesaz zu de Judden a sengem Alter, hat hien am Allgemengen d'Gléck, vun direkte Gewaltawierkungen an antisemittesche Verfollgunge verschount bliwwen ze sinn. Dat kann dorop zeréckgefouert ginn, datt hie vum éischte bis zum leschte Schouljoer a jiddesch Schoule gaangen ass. Dobäi kënnt, datt hie seng Zäit Nomëttes an enger sécherer jiddescher Ëmgéigend verbruecht huet (Foyer vun der Schoul oder „Heimatabenden“ vun den zionistesche Jugendbänn). Vun de Schikane vun den Nazi-Schoulmeeschter a vun ofgebrachene Frëndschaften huet hien nëmmen duerch Berichter vun neie Klassekomeroden, déi aus allgemenge Schoule vu Berlin bei si koumen, héieren. E war Schüler vum Realgymnasium an enger privater Schoul, vun der Adass-Jisroel-Reliounsgemeng.

1934 konnt hien net méi doheem wunnen an ass mat Hëllef vun der Betty Rothschild, der Chefin vum Foyer, an d'Ahawa Kannerheem komm. Hien huet si direkt an d'Häerz geschloss a si ass eng bedeitend Persoun fir hie gewiescht. Eng weider bedeitend Persoun aus senger Zäit am Heem ass de Me'ir Spriecher. Säin Allgemengwëssen a seng bescheide Perséinlechkeet hunn dem Avraham seng geeschteg Entwécklung staark beaflosst. Zesumme mat sengem Komerod, dem Abraham Wasserstein, huet hien och scho mol hefteg politesch an ideologesch Diskussioune mam Spriecher gefouert.[6]

Am Summer 1935 huet hien d'Schoul verlooss. Zu där Zäit war hien am reliéis-zionistesche Jugendbond, Brit Hanoar. Do gouf d'Landwirtschaft, fir op d'Liewen a Palestina virzebereeden, geléiert. Well hien dofir awer nach ze jonk war, gouf e fir ee Joer an d'Toraschoul op Frankfurt am Main geschéckt. Do sollt hie säi reliéist Wësse weider verdéiwen. Dat war déi éischt Kéier, datt hie Berlin verlooss huet. En huet do an engem Internat gewunnt an huet vill Zäit am Gaart, bei Ausflich a beim Foussballspille verbruecht. Dat Joer zu Frankfurt huet fir hien awer keng bleiwent Erënnerungen hannerlooss, well virun allem huet et säi Glawen net verstäerkt.

Am Fréijoer 1937 ass hien an d'Hachschara-Lehrgut am Landwerk Steckelsdorf, gezunn. Et sollt eng Virbereedung op de Kibbuz sinn. Dat Joer zu Steckelsdorf, ass haut fir den Avraham, déi glécklechst Zäit a senger Jugend an Däitschland gewiescht.[7]

Am Januar 1938 huet hien d'Noriicht kritt, datt hien Däitschland verloosse misst. Dëst war eng Unuerdnung vun der Gestapo; d'Openthaltsgenehmigung vun alle sowjetesche Staatsbierger gouf gestrach. (Säi Papp hat an den 1920er dofir plädéiert déi Nationalitéit ze kréien, fir net staatelos ze ginn. Sou huet och den Avraham mat 14 Joer de sowjetesche Pass kritt).[8]

Den 1. Mäerz 1938 ass hien dunn a Palestina ausgewandert. Hien huet sengen Elteren Äddi gesot an huet si ni méi erëmgesinn. Do ass hien an eng Schoul fir Landwirtschaft gaangen an ass dem Haschomer Hatzair bäigetrueden. E war déi nächst zwee Joer do am Internat an huet den Uebstbau a Marxismus-Leninismus geléiert. En huet sech ob den Uebst- a Wäibau ze spezialiséiert an dat ass och laang säi Beruff am Kibbuz bliwwen. Hie gouf Member vun der Hagana, an huet e paramilitäreschen Training gemaach. Hien huet säi kulturellen Horizont däitlech erweidere kënnen. Hien huet zum Beispill mat 16 Joer fir d'Éischt a Palestina Klassesch Musek gelauschtert.[9]

No senger Ausbildung, déi zwee Joer gedauert huet, gouf hien op Negba, ee Kibbuz dee vun engem aus Polen agewanderten Haschomer-Hatzair-Member gegrënnt gouf, geschéckt. Mä schonn am Fréijoer 1941, no engem Joer, huet hien Negba erëm verlooss. Doropshin ass en op Krakur gaangen, eng kleng Uertschaft tëscht Tel Aviv an Haifa, fir do um Opbau vun engem neie Kibbuz ze hëllefen, wou hien och seng spéider Fra, d'Shuske kennegeléiert huet.[10] Si hu sech 1947 bestuet a kruten dräi Meedercher; d'Tamar, d'Re'umah an d'Chavi. Am Kibbuz huet den Avraham an enger Nopeschsiidlung als Doléiner a Gäert an Uebstanlage geschafft. Hien huet fir ee Joer d'Aufgab vun der finanzieller Verantwortung an de Kontakt mat den Autoritéite fir de Kibbuz, iwwerholl. Hie krut och d'Aufgab vum Kulturleiter am „Arbeiterrat“ vu Krakur, zougedeelt. Hien huet Virträg a kënschtleresch Veranstaltungen organiséiert. Vun 1940 u waren hien a seng Fra Member vum Kibbuz Lehawot Ha-Baschan.

An de Joren 1950-53 ass hie wéinst der Aarbecht an d'Schwäiz delegéiert ginn.[11] Seng Haaptaufgab war et sech der erzéierescher Aarbecht mat der Jugend ze widmen. Do donieft huet hien hir Beweegung awer och a politesche Gremie vertrueden.[5] Hien a seng Famill hunn déi zwee Joer an der Schwäiz, trotz verschiddene feindlechen Haltunge vis-à-vis vun hinnen, genoss an a gudder Erënnerung gehalen.[12]

Am Fréijoer 1953 ass den Avraham Barkai mat senger Famill zeréck op Krakur an de Kibbuz gaangen. Am Kibbuz an am Ganzen Haschomer Hatzair ware schwéier Turbulenzen am Gaang, dëst duerch d'Awierkunge vum Kale Krich.[13] Nodeem si aus der Schwäiz zeréck waren, huet fir hien a seng Famill eng nei Period vum Liewen ugefaangen. D'Shuske, seng Fra gouf zur Grondschoul-Joffer gewielt. Hir éischt Duechter hat eréischt 5 Joer, a konnt och trotz der Gemeinschaftserzéiung vum Kibbuz net eleng gelooss ginn. Seng Fra ass am Hierscht 1953 an der Woch iwwer an d'Lehrerseminar gezunn an hien huet erëm an der Landwirtschaft geschafft. Dobäi huet hie sech zousätzlech ëm de Stot an ëm hiert Meedche gekëmmert. Nodeem seng Fra d'Ausbildung fäerdeg hat, huet si ugefaangen als Erzéierin a Joffer an der Grondschoul vum Kibbuz ze schaffen. An de Joren 1956 an 1958 koumen hir zwee aner Meedercher op d'Welt. Déi nächst 10 Joer huet hien erëm am Uebstbau geschafft. Him ass bewosst ginn, datt seng Bildung lückenhaft ass an huet doriwwer nogeduecht engem uerdentleche Studium nozegoen.[14]

Ufank vum zweete Beruff änneren

Am Joer 1963 huet den Avraham Barkai sech zesumme mat ee puer Anere gemellt fir eng akadeemesch Aus- a Weiderbildung op enger Universitéit kënnen ze maachen. Hie krut dëst accordéiert a konnt vum Hierscht un op der Hebräescher Universitéit zu Jerusalem ufänken. Hien hat éischt Schwieregkeete bei der Aschreiwung, well hien an Däitschland de Lycée net fäerdeg konnt maachen a well hie vun der Landwirtschaftsschoul keen unerkannten Ofschloss opweise konnt. Zu sengem Gléck koum déi Hebräesch Universitéit him entgéint an huet hien als „besonnesche Student ouni Ofschloss“ opgeholl. Hie konnt also fréi un all de Virliesungen a Seminairen deelhuelen. Mä am Géigesaz zu den Auditeur-libres konnt hie Prüfungen a Seminaraarbechte maachen. Hie krut souguer eng Zensur. Den Avraham huet sech fir Geschicht a Macro-Ekonomie ageschriwwen. Well seng Zensuren, besonnesch an der Geschicht, sou gutt waren, krut hien am Enn vum Joer eng Spezialerlaabnes a konnt als „uerdentleche Student“, ouni d'Abitur nohuelen ze mussen, weider studéieren.[15]

Am Fréijoer 1967 huet hien de Bachelor of Arts an der Macro-Ekonomie ofgeschloss. Duerno ass hien erëm op Krakur gaange fir am Uebstubau ze schaffen. Donieft huet hien an den nächsten zéng Joer och um Opbau vun der Universitéit zu Haifa gehollef. Am Summer 1972 huet hie seng Ofschlossprüfung an der Geschicht bestanen a konnt mam Studium weiderfueren. Hie krut eng Hallefdaagsplaz bei der Mapam-Dageszeitung Al Hamishmar. 1973/74 huet hie sech als Magisterstudent op der Hebräescher Universitéit ageschriwwen. Donieft huet hien nach zwéin oder dräi Deeg am Kibbuz am Uebstubau geschafft. Géint Enn vum Joer 1973 huet hien dem Walter Grab säi fäerdegt Promotiounsthema iwwer de Wirtschafssystem vum Nationalsozialismus era gereecht. Domat huet seng wëssenschaftlech Beschäftegung mat dem Nationalsozialismus a mat där doduerch duerchgefouerter Wirtschaftspolitik am Drëtte Räich, ugefaangen.[16]

Et war méi säi Studium an der Macro-Ekonomie, wéi dat vun der däitscher Geschicht, dat säin Interessi um Funktionéiere vun der Wirtschaft am Nationalsozialismus markéiert huet. 1974 hat déi historesch Fakultéit vun der Universitéit Tel Aviv säin Dissertatiounsverfahre geneemegt. Säin Tuteur gouf de Charles Bloch, deen um Institut Nei Geschicht léiert. No laangem Iwwerleeën huet de Barkai sech entschloss an däitschen Archiver ze fuerschen an däitsch Zäitzeien iwwer hir perséinlech Erfarung mat de verschiddenen Aspekter vun der NS-Wirtschaftpolitik ze befroen. De Barkai huet Ufank Mee 1974 seng Rees an Däitschland ugetrueden. De Charles Bloch huet him gerode sech mam Werner Jochmann zu Hamburg a Verbindung ze setzen. An dem Archiv huet hie vill nëtzlech Quelle fonnt. De Werner Jochmann huet him och eng ganz Rei Gespréicher mat zoustännege Wëssenschaftler erméiglecht. Dozou koum datt hien och verschidde prominent Persounen aus der Zäit vum Nationalsozialismus befroe konnt. D'Erkenntnisser vun dëse Gespréicher si wichteg Quelle fir seng Aarbecht.[17]

1977 ass säi Buch Wirtschaftssystem des Nationnlsozialismus, op Basis vu senger Dissertatioun, am Kölner Verlag fir Wëssenschaft a Politik, erauskommen. Dëst nach ier hien den Doktertitel offiziell krut.[18]

Hie krut d'Méiglechkeet een Aufsatz an der Bäilag Aus Politik und Zeitgeschichte vun der Wochenzeitung Das Parlament vun der Bundeszentrale für Politische Bildung ze publizéieren. Dësen huet e puer Opmierksamkeete kritt. Doropshi krut hie vun der Zäitschrëft Geschichte und Gesellschft ugebueden een Diskussiounsbäitrag zu engem Aufsatz „Hitlers Einstellung zu Wirtschft und Gesellschaft vor 1933“ vum Henry A. Turner, ze schreiwen. Dësen ass 1977 ënner dem Titel „Sozialdarwinismus und Antiliberalismus in Hitlers Wirtschaftskonzept“ erauskomm. Den Henry Tuner huet him an engem Bréif fir seng Kritik merci gesot, déi him gehollef huet seng Usiichten ze klären. Dës kuerz Aufsätz waren de Schratt zu senger Unerkennung an den internationale Kreesser vun den Historiker, déi sech mat dësem Theema beschäftegt hunn. Säi Buch huet him een Numm gemaach, wann och nach ee bescheidenen.[19]

No senger Dissertatioun krut hien den Optrag sech mat der däitsch-jiddescher Geschicht aus dem 19. Joerhonnert ze beschäftegen. Am Summer 1979 huet hien de Virtrag „The german Jews at the Start of Industrialisation“ op engem Kongress zu Oxford gehalen, dee vum Reinhard Rürup fir d'Leo Baeck Institut organiséiert gouf.[20] Duerno konnt hien an däitschen an israeelesche Bibliothéiken an Archiven déi däitsch-jidddesch Wirtschafts- a Sozialgeschicht grëndlech studéieren. Dëst am Optrag vum Wolfram Fischer, als Projet vu sengem Institut fir Wirtschaftsgeschicht vun der Fräier Universitéit Berlin. Dat Theema wat hie sollt beaarbechte war d'Industrialiséierung an d'Datesammlung, soudatt hie gréisstendeels an Archive geschafft huet.[21]

Am August 1982 huet hien zu Budapest un engem internationale Kongress vu Wirtschaftshistoriker op der Sektioun iwwer d'Migratiounsbeweegungen deelgeholl. Do huet hien iwwer d'jiddesch Auswanderung an Amerika bericht. Ee Joer méi spéit krut hien den Optrag vun der Sektiounsleederin, ee Buch iwwer dat Theema ze schreiwen. Am Summer 1989 huet hie säi fäerdegt Manuskript agereecht. D'Buch Branching Out. German-Jewish Immigration to the United States 1820-1914 ass awer eréischt 1994 erauskomm. De Margilot Abrahman huet him erméiglecht, ab 1980 un de Fuerschungskreesser vun der jiddescher Zäitgeschicht an der Hebräescher Universitéit an am Fuerschungszentrum vum Memorial vu Yad Vashem deelzehuelen. Doduerch sinn him nei Perspektiven opgaangen; hien ass engem méi breede Krees bekannt ginn a krut Invitatioune fir Virträg an Diskussiounsronne vu bal allen israeeleschen Universitéiten a vu verschiddenen Organisatiounen. Hien huet och am Leo Baeck Institut geschafft. An den nächste Jore goufen déi dräi Leo Baeck Instituter vu Jerusalem, London an New York ofwiesselnd zu wëssenschaftlechen a finanzielle Stëtze vu senger Aarbecht.[22]

Hien huet och ee Bäitrag zur Geschicht vun den däitsche Judde gemaach. Dës gouf a méi Bänn verëffentlecht. Hien huet am véierte Band d'Duerstellung vun der gesellschaftlecher a politescher Geschicht vun 1918 bis 1945 iwwerholl. Och wann d'Beschäftegung mat der NS-Ideologie bedréckend fir hie war, koum hien ni ganz dovun of sech mat den Nazien an der Shoah auserneenzesetzen.

Op Dränge vu sengem Kolleeg Margaliot huet hien d'Duerstellung vun de wirtschaftlechen Aspekter vun der Juddeverfollgung an Däitschland, an engem vum Margaliot publizéierte Sammelband vum Yad Vashem, iwwerholl. Obwuel hien dëse Bäitrag 1986 era gereecht huet, ass en eréischt 1998 am zweete Band „Deutschland“ vun der Yad-Vashem-Reihe Geschichte des Holocaust, publizéiert ginn. 1985 huet d'Leo Baeck Institut fir d'Éischt eng international Konferenz zu Berlin zum Theema „Die Juden im natioanlsozialistischen Deutschland“ organiséiert. No sengem Virtrag huet de Walther Pehle dem Avraham virgeschloen ee Buch zum Theema ze schreiwen, dat zum 50. Joresdag vum Novemberprogrom vun 1938, verëffentlecht gi soll.[23] Am Juni 1997 huet hien un engem Symposium iwwer Entreprisen am Natioanlsozialismus zu Frankfurt am Main deelgeholl. Enn 1992 gouf him vum Yad Vashem virgeschloen, fir zu Moskau an deenen nei erschlossenen Archiver Material iwwer déi jiddesch Gemengen aus der DDR ze sichen. Do war hien ee Mount laang, dee vläicht den interessantste vu sengen Archivreese war, sou den Avraham.[24] Zu Moskau ass an him den Entschloss geräift sech der Geschicht vum Centralverein deutschter Staatsbürger jüdischen Glaubens (CV) ze widmen. Hien huet als Éischten eng ëmfassend Monographie iwwer den CV am Optrag vum Jerusalemer LBI (Leo Baeck Insitut) geschriwwen.[25],[26],[27]

Am Dezember 1997 gouf hie vum Historischen Institut vun der Deutsche Bank gefrot fir an enger Kommissioun mat ze schaffen, déi d'Astellung an d'Tätegkeete vun der Bank an de Joren 1933 bis 1945 ënnersiche soll. Hie krut de Virschlag eng Biographie vum jiddesche Spriecher vun der Bank tëscht 1923 an 1933 ze schreiwen. Déi ass am Februar 2005 am C.H. Beck Verlag erauskomm.[28] Hie fuerscht och am Institut fir Wirtschafts- a Sozialgeschicht vun der Fräier Universitéit Berlin. Am Mäerz 2003 krut e vun där den Éierendoktortitel.[29],[30]

Wierker (Auswiel) änneren

  • Erlebtes und Gedachtes: Erinnerungen eines unabhängigen Historikers. Wallstein, Göttingen 2011, ISBN 978-3-8353-0902-9.
  • Das Wirtschaftssystem des Nationalsozialismus. Der historische und ideologische Hintergrund 1933–1936. Köln 1977.
  • Branching Out: German-Jewish Immigration to the United States 1820–1914. New York 1994.
  • Das Wirtschaftssystem des Nationalsozialismus. Ideologie, Theorie, Politik 1933–1945. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 1988, ISBN 3-59624-401-3.
  • Oscar Wassermann und die Deutsche Bank: Bankier in schwieriger Zeit. Beck, München 2005, ISBN 3-40652-958-5.
  • Wehr Dich! Der Centralverein deutscher Staatsbürger jüdischen Glaubens 1893–1938. München 2002.
  • Jüdische Minderheit und Industrialisierung. Demographie, Berufe und Einkommen der Juden in Westdeutschland 1850–1914. Tübingen 1988.
  • Hoffnung und Untergang: Studien zur deutsch-jüdischen Geschichte des 19. und 20. Jahrhunderts. Hamburg 1998.
  • Das Wirtschaftssystem des Nationalsozialismus: Ideologie, Theorie, Politik: 1933-1945. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt 2000.
  • Vom Boykott zur „Entjudung“: Der wirtschaftliche Existenzkampf der Juden im Dritten Reich 1933–1943. Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 1988.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 11 f.
  2. 2,0 2,1 Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 14 f.
  3. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 7 f.
  4. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 14-16.
  5. 5,0 5,1 Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 16 f.
  6. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 19-21.
  7. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 25-26.
  8. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 28-29.
  9. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 30-40.
  10. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 44-45.
  11. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 54-57.
  12. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 68-69.
  13. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 70 f.
  14. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 75-77.
  15. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 78-80.
  16. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 81-83.
  17. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 87-89.
  18. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 90, 103, 113 f.
  19. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 112-115.
  20. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 115-116.
  21. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 122 f.
  22. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 125-129.
  23. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 131-137.
  24. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 142-143.
  25. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 151-152.
  26. Vgl. z. B. Michael Wildt: Unbeirrbar patriotisch. Zwischen Antisemitismus und Zionismus: Avraham Barkais beeindruckende Geschichte des Centralvereins deutscher Staatsbürger jüdischen Glaubens. In: Die Zeit. Nr. 47/2002.
  27. Sebastian Panwitz: Avraham Barkai: „Wehr Dich!“ Der Centralverein deutscher Staatsbürger jüdischen Glaubens(C.V.)1893-1938 München 2002 Rezension in: H-Soz-U-Kult. 05.02.2003.
  28. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, S. 157-158.
  29. Avraham Barkai: Erlebtes und Gedachtes. 2011, 'Hülle'.
  30. Der Israelische Historiker Avraham Barkai wird am 8. April Ehrendoktor der Freien Universität FU Berlin, Radaktion: Dr. Andreas Ratajczak, 03.04.2003.