Kopff (Moundkrater)

Moundkrater


De Kopff ass en Aschlagkrater um baussenzegste westleche Rand vun der viischter Äerdmoundsäit, um ëstleche Rand vum Mare Orientale a westlech vum Lacus Veris. De Kraterrand ass e bëssi erodéiert, an der flaacher bannenzeger Fläch vum Krater si Brochstrukturen ze gesinn.

Kopff
Koordinaten 17°23'24"S, 89°40'48"W
Duerchmiesser 40,5 km
Déift 2.000 m
Selenographesch Längt 90° bei Sonnenopgank
Genannt no August Kopff
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ18

Den Niewekrater Kopff A heescht zanter 1985: Lallemand.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 16,9° S, 86,32° W7 7 km [1]
C 18,35° S, 86,2° W7 14 km [2]
D 19,89° S, 89,87° W7 13 km [3]
E 15,97° S, 89,88° W7 11 km [4]

De Krater krut am Joer 1970 vun der IAU offiziell den Numm vum däitschen Astronom August Kopff.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren