August (Virnumm)
männleche Virnumm
August ass e männleche Virnumm.
August | |
---|---|
Den Augustus, éischte réimesche Keeser | |
Geschlecht | männleche Virnumm |
Namensdag | 27. Mäerz, 3. August |
Ursprong | |
Genannt no | Augustus |
Varianten | |
Alternativen | Auguste - Augustin |
Spëtznumm | Gust, Guscht, Gusti, Esti |
Anert Geschlecht | Augusta |
Varianten an Ofkierzungen
ännerenAm Lëtzebuergesche gëtt August dacks mat Gust, Guscht (am Minett), Gusti oder (vereelzt) Esti[1] ofgekierzt.
D'Variant Auguste ass am franséischsproochege Raum a ronderëm, e männleche Virnumm iwwerdeems et am däitschsproochege Raum e weibleche Virnumm ass. Aner weiblech Forme vun August sinn Augusta an – am Lëtzebuergeschen éischter déi franséisch Form – Augustine.
Ursprong a Bedeitung vum Numm
ännerenD'Originne vum Numm fënnt een am Laténgeschen: Augustus - „deen der Éier wäert ass“.
Den Numm vum Mount August kënnt vum réimesche Keeser Augustus hier.
Leit mam Virnumm August(e)
ännerenAugust
änneren- August Arnold (1898-1983), däitsche Filmregisseur, Filmproduzent
- August Diehl (*1976), däitsche Schauspiller
- August Donnen (1885-1956), lëtzebuergesche Sänger, Schauspiller, Regisseur an Auteur.
- August Kopff (1882-1960), däitschen Astronom a bekannten Entdecker vu villen Asteroiden
- August Sabac el Cher (1836-1885), Kummerdénger vum preisesche Prënz Albrecht
- August Wilhelm Schlegel (1767-1845), däitsche Literaturhistoriker, Schrëftsteller a Philosoph
Auguste
ännerenFir eng Lëscht vu Persoune mat deem Virnumm op dëser Wiki, kuckt wgl. dës Lëscht.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: August – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 05.10.2023.