August Wilhelm Schlegel

däitsche Literaturhistoriker, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Indolog a Philosoph

Den August Wilhelm Schlegel (zanter 1812 von Schlegel), gebuer den 8. September 1767 zu Hannover, a gestuerwen den 12. Mee 1845 zu Bonn, war en däitsche Literaturhistoriker, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Indolog a Philosoph. Mat sengem Brudder Friedrich Schlegel gëllt hien als ee vun de Matgrënner vun der däitscher Romantik, andeems s'an engem literareschen Zerkel Leit wéi den Novalis, de Ludwig Tieck oder Friedrich Wilhelm Joseph Schelling versammelt hunn a sou déi nei Literaturstréimung mat zum Erfolleg bruecht hunn.

August Wilhelm Schlegel
Gebuer 8. September 1767
Hannover
Gestuerwen 12. Mee 1845
Bonn
Educatioun Universitéit Göttingen
Aktivitéit Linguist, Iwwersetzer, Philosoph, Dichter, Literaturkritiker, Literaturhistoriker, Romanist, Dramatiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Konschthistoriker
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie
Famill
Geschwëster Friedrich Schlegel

Hien huet noeneen zu Genf, Bern, an a Russland, Dänemark a Schwede gelieft, a vun 1818 un zu Bonn, wou en op der Universitéit Bonn Cousre ginn. Mam Alexander von Humboldt an dem Franz Bopp ass hie Matgrënner vun der Komparatistik, d. h. der moderner komparativer Linguistik a Philologie.

Nodeems e vun der Caroline Schlegel gescheet gi war, war hie bis 1817 mat der Madame de Staël zesummen.

Den August Wilhelm Schlegel war Mataarbechter vum Friedrich Schiller senger Zäitschrëft Die Horen, vum Musenalmanach an der Jenaer Allgemeine Literatur-Zeitung. Mat sengem Brudder Friedrich war hie Co-Editeur vun der Zäitschrëft Athenäum an a senge spéide Jore war hien Editeur vun der Indische Bibliothek.

Op literareschem Plang huet hie Sonetter, Balladen an Drame geschriwwen, déi awer manner bekannt goufen. Hien huet notamment 14 Theaterstécker vum William Shakespeare (1797–1810 erauskomm), a Wierker vum Calderón (1803–09) a Râmâyana (1829–46 erauskomm) op däitsch iwwersat.

  • (Iwwers.): W. Shakespeare: Dramatische Werke 9 Bde. Berlin: Unger 1797–1810. (Ergänzt u. erläutert von Ludwig Tieck. Theil 1–9. Berlin: Reimer 1825–33)
  • Athenaeum 3 Bde. Berlin: Vieweg (1) respektiv Berlin: Frölich (2–3) 1798–1800
  • Ehrenpforte und Triumphbogen für den Theater-Präsidenten von Kotzebue bey seiner gehofften Rückkehr ins Vaterland [1800]
  • Gedichte Tübingen: Cotta 1800
  • Charakteristiken und Kritiken 2 Bde. Königsberg: Nicolovius 1801
  • Musen-Almanach für das Jahr 1802 Hg. A. W. Schl. u. L. Tieck. Tübingen: Cotta 1802
  • An das Publikum. Rüge einer in der Jenaischen Allgemeinen Litteratur-Zeitung begangnen Ehrenschändung Tübingen: Cotta 1802
  • Ion. Ein Schauspiel Hamburg: Perthes 1803
  • Blumensträuße italienischer, spanischer und portugiesischer Poesie Berlin 1803
  • Spanisches Theater 2 Bde. Berlin 1803–1809
  • Über dramatische Kunst und Litteratur. Vorlesungen 3 Bde. Heidelberg: Mohr & Zimmer 1809–11
  • Poetische Werke 2 Bde. Heidelberg: Mohr & Zimmer 1811
  • (Ed.): Indische Bibliothek 3 Bde. (vum Band 3 nëmmen d'Heft 1). Bonn: Weber 1820–30
  • Bhagavad-Gita Bonn: Weber 1823
  • Die Rheinfahrt des Königs von Preußen auf dem Cölnischen Dampfschiffe Friedrich Wilhelm zur Einweihung desselben am 14. September 1825. In lateinischer Sprache besungen. Nebst einer deutschen Übersetzung von Justizrath Bardua in Berlin. Für das abgebrannte Städtchen Friesac Berlin: Nauck 1825
  • Kritische Schriften 2 Bde. Berlin: Reimer 1828
  • Zu Goethe's Geburtsfeier am 28. August 1829 1829
  • Réflexions sur l'étude des Langues Asiatiques suivies d'une lettre à M. Horace Hayman Wilson Bonn: Weber 1832
  • Essais littéraires et historiques Bonn: Weber 1842
  • Oeuvres 1846 (posthum)
  • Eduard Böcking (Ed.): August Wilhelm von Schlegel. Spanisches Theater. 10 Bde. Weidmann, Leipzig 1845
  • Sämtliche Werke Ed. Eduard Böcking. 16 Bände. I-XII: Sämtliche Werke, XIII-XV: OEuvres, écrites en français, XVI: Opuscula, quae Schlegelius latine scripta reliquit. Leipzig 1846-48. Neudruck Verlag Olms, Hildesheim, 1971f

Literatur

änneren
  • Behler, Ernst: Die Theorie der Kunst ist ihre Geschichte: Herder und die Brüder A. W. Schlegel. In: Ders.: Studien zur Romantik und zur idealistischen Philosophie. Bd. 2. Paderborn 1993, S. 187-205
  • Effi Irmingard Kosin: Vorstudie zu einer Biographie von August Wilhelm Schlegel. Stanford University 1965
  • York-Gothart Mix (Hrsg.): Der Europäer August Wilhelm Schlegel. Romantischer Kulturtransfer – romantische Wissenswelten. Berlin 2010.
  • Niggl, Günter: Die Anfänge der romantischen Literaturgeschichtsschreibung: Friedrich und August Wilhelm Schlegel. In: Ders.: Studien zur Literatur der Goethezeit. Berlin 2001, S. 247-263
  • Ruth Schirmer: August Wilhelm Schlegel und seine Zeit. Ein Bonner Leben. Bouvier, Bonn 1986 ISBN 3-416-01990-3

Um Spaweck

änneren
Wikisource: August Wilhelm Schlegel – Quellentexter