INES-Skala
(Virugeleet vu(n) INES)
D'INES-Skala (International Nuclear Event Scale) ass eng Skala, mat där Tëschefäll an Atomzentralen, haaptsächlech Kraaftwierker, bewäert ginn. D'Skala geet vun 0 bis 7.
All Tëschefall, deen an enger Atomzentral zustan kënnt, gëtt mat dëser Skala bewäert. Dobäi gëtt et zwéi wichteg Krittären: D'Defizienz vun der Sécherheet vun der Atomzentral an d'Auswierkung vun der Radioaktivitéit (bannen a baussent der Zentral).
Bis haut goufen 2 Onglécker, dat vun Tschernobyl am Joer 1986 an dat vu Fukushima am Joer 2011, als Tëschefäll vum Niveau 7 aklasséiert.
Stuf | Bezeechnung | Auswierkungen |
---|---|---|
0 | / | Keng sécherheetstechnesch Bedeitung |
1 | Stéierung | Ofwäichung vum normale Betrib am der Atomzentral |
2 | Stéierfall | Liicht Reduktioun vun der Sécherheet an der Atomzentral |
3 | eeschte Stéierfall | * minimal Fräisetzung vu Radioaktivitéit
|
4 | liichten Accident | * Reakterschued
|
5 | eeschten Accident | * schwéiere Reakterschued
|
6 | schwéieren Accident | * héich radioaktiv Fräisetzung |
7 | katastrophalen Accident | * direkte Kontakt vun der Radioaktivitéit mat der Bevëlkerung
|