Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Atlantic 252 war en iresche kommerziellen englesch-sproochege Radiossender mat Sëtz zu Trim am County Meath, dee vum 1. September 1989 bis den 20. Dezember 2001 vum Clarkstown-Radiossender seng Sendungen ausgestraalt huet[1]. De Radiossender huet zur Radio Tara Ltd[2], engem Gemeinschaftsprojet vun der Raidió Teilifís Éireann an der Radio Luxembourg/RTL Group gehéiert[3],[4].

Baussent Irland, konnt en och a Groussbritannien empfaange ginn[5]. Et gouf als dee gréisste kommerzielle Laangwelle-Radiossender consideréiert[1]. Atlantic 252 war eng beléift Radiosstatioun fir Rock- an Danzmusek-Programmer[3][5].

Duerno huet TEAMtalk Media Group vu Mäerz bis Juli 2002 op der Frequenz 252 gesent[3],[6],[7] a vun 2004 un RTÉ Radio 1.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://radiotoday.ie/2014/09/remembering-atlantic-252-25-years-on/
  2. https://www.rte.ie/archives/2015/0928/730803-atlantic-252-one-year-on/
  3. 3,0 3,1 3,2 https://www.irishtimes.com/news/dancing-days-are-over-for-atlantic-252-1.1046137
  4. Tony Currie. Not Quite Altogether Now! – S. 115 – Neil Wilson Publishing, 2012 – ISBN 978-1-906-47693-9
  5. 5,0 5,1 https://www.independent.co.uk/news/uk/juke-box-format-attracts-radio-1s-lost-listeners-1381053.html
  6. http://citywire.co.uk/new-model-adviser/news/teamtalk-turns-tara-on-to-sport/a229793
  7. https://web.archive.org/web/20150915203610/http://radiotoday.ie/2014/09/rte-to-end-longwave-broadcasts-on-252-khz/