Arrondissement Rocroi

D'Arrondissement vu Rocroi ass e fréiert Arrondissement am Departement Ardennes, dat de 17. Februar 1800 gegrënnt gouf an den 10. September 1926 ofgeschaaft gouf. De Sëtz vun der Ënnerprefecture war zu Rocroi. D'Kantone Couvin a Philippeville koumen 1815 bei d'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden an déi aner koumen 1926 an d'Arrondissement Charleville-Mézières.

ZesummesetzungÄnneren

D'Arrondissement huet aus de Kantone Couvin, Fumay, Givet, Philippeville, Rocroi, Rumigny a Signy-le-Petit bestanen.

Um SpaweckÄnneren