Aristide Briand
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Aristide Briand, gebuer den 28. Mäerz 1862 zu Nantes, a gestuerwen de 7. Mäerz 1932 zu Paräis, war e franséische Jurist a Politiker.
Aristide Briand | |
---|---|
Gebuertsnumm | Aristide Pierre Henri Briand |
Gebuer |
28. Mäerz 1862 Nantes |
Gestuerwen |
7. Mäerz 1932 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Politiker, Staatsmann, Journalist, Diplomat, Schrëftsteller, Affekot |
Partei | Parti socialiste, Parti républicain-socialiste |
Famill | |
Liewenspartner(in) | Lucie Jourdan |
Hie war Deputéierten an der Loire an an der Loire-Atlantique (deemools Loire-Inférieure), Initiateur a Rapporter vum Gesetz iwwer d'Trennung vu Kierch a Staat vun 1905, eelefmol President vum Ministesch-Conseil a sechsanzwanzegmol Minister an der Drëtter Republik.
De Briand huet nom Éischte Weltkrich eng weesentlech Roll an den internationale Relatioune gespillt. 1926 krut hien, zesumme mam Gustav Stresemann, de Friddensnobelpräis fir seng Handlung als Ausseminister fir d'Versönung tëscht Frankräich an Däitschland (Traitéë vu Locarno, 1925). Am Joer 1928 war hien och den Initiator vum Briand-Kellogg-Traité, engem Vertrag iwwer de géigesäitege Verzicht vu Krich tëscht de Staaten.
Liewen a Karriär
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Éierung
ännerenLëtzebuerg
ännerenFir un den Aristide Briand z'erënneren, huet de Stater Schäfferot de 27. Januar 1933 decidéiert, zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him ze nennen: d'Rue Aristide Briand verbënnt d'Rue Gutenberg mat der Rue Clemenceau.
Soss doruechter (Auswiel)
änneren- Zu Paräis ass de Monument de la Paix dem Aristide Briand gewidmet,
- Bronz-Statu zu Hardencourt-Cocherel,
- Monument zu Pacy-sur-Eure,
- ronn Dausend Stroossen a Frankräich sinn nom Aristide Briand genannt[1].
Um Spaweck
ännerenCommons: Aristide Briand – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)https://rues.openalfa.fr/rues. rues.openalfa.fr. Gekuckt de(n) 24.10.2024.