Aratus CA
Den Aratus CA ass eng Uewerflächestruktur op der viischter Moundsäit. Hien ass net, wéi den Numm et noleet, en Niewekrater vum Aratus, mä et ass en Dall um Flaachland vum Mare Serenitatis dee vum Haaptkrater wäit ewech läit an net mat deem zesummenhänkt. Nërdlech vum Aratus CA verleeft den Dorsum Owen a Richtung Norden. Nobäi leien déi kleng Kratere Manuel a Yoshi.
Aratus CA | ||
---|---|---|
Eegenschaften | ||
Breet | 24,52° N | |
Längt | 11,17° O | |
Duerchmiesser | 6,75 km |
Weider ass ongewéinlech, datt eenzel Deeler vun deem Dall en Numm kruten:
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
Rima Sung-Mei | 24,57° N, 11,28° O | 4 km | [1] |
Vallis Christel | 24,52° N, 11,09° O | 2 km | [2] |
Vallis Krishna | 24,48° N, 11,25° O | 3 km | [3] |
Als net autoriséiert vun der I.A.U. sinn d'Nimm vun der Struktur z. B.: Lorca (a Relatioun mam Federico García Lorca) wéi och Krishna (wéinst der indescher Gottheet Krishna).
Literatur
änneren- R. Greeley: Photogeology of Aratus Ca, Mare Serenitatis. In: Abstracts of the Lunar and Planetary Science Conference. Bd. 7, 1976, ISSN 0197-274X, S. 331–333, online.
- Topophotomaps:
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Aratus CA op The-Moon Wiki