Apple Inc.

amerikanesch multinational Entreprise
(Virugeleet vu(n) Apple)

Apple Inc. ass eng amerikanesch multinational Entreprise aus Kalifornien, déi op den Design, d'Entwécklung an de Verkaf vun Elektronikproduite fir de grousse Public, Computer Software, online Zerwisser a Personal Computere spezialiséiert ass. Hir bekanntst Produite sinn d'Macintosh-Computeren, de Medieplayer iPod, de Smartphone iPhone an den Tablet iPad. Zu hiren Onlinezerwisser zielen iCloud, den iTunes Store an den App Store. Beispiller vun Apple Konsumentesoftware sinn d'Betribssystemer Mac OS X an iOS, de Mediebrowser iTunes an de Webbrowser Safari. Apple geheiert och den iTunes Store, de weltwäit gréisste Museksdistributeur.

Apple Inc.

Sëtz vun Apple Inc. a Kalifornien
Typ Kapitalgesellschaft
Grënnungsdatum 1. Abrëll 1976
Sëtz  USA, Cupertino
Leedung Tim Cook (CEO)
Arthur D. Levinson (Chairman)
Mataarbechter 137.000 (2019)[1]
Ëmsaz 182,8 Mrd. USD (2014)
Branche Elektronik
Produit Hardware, Software
Homepage www.apple.com

Apple gouf den 1. Abrëll 1976 vum Steve Jobs, Steve Wozniak a Ronald Wayne mam Zil gegrënnt, PCen z'entwéckele an ze verkafen. D'Entreprise gouf den 3. Januar 1977 als Apple Computer, Inc. incorporéiert. Den 9. Januar 2007 gouf den Numm an Apple Inc. ëmgeännert, fir de Wiessel op Elektronikproduite fir de grousse Public ze reflektéieren.

Apple ass no Samsung Electronics déi zweetgréisst Entreprise am Beräich vun der Informatiounstechnologie (no Revenu gemooss), an den drëttgréissten Handyproduzent. Am November 2014 ass Apple déi éischt US-amerikanesch Entreprise ginn, där hire Wäert 700 Milliarden US-Dollar iwwerschratt huet.[2] 2014 hat Apple iwwer 72.000 Vollzäit-Employéen an e Joresakommes vun US$182 Milliarden.

Wéinst den Aarbechtskonditioune vun hiren Zouliwwerfirmen, a wéinst hire Geschäfts- an Ëmweltpraktike steet d'Firma reegelméisseg an der Kritik.

Um Spaweck änneren

Commons: Apple Inc. – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. apple.com: A Message from Tim Cook. (gekuckt de 27. September 2019)
  2. Financial Post (online): Apple Inc market cap tops US$700B, double what it was when Tim Cook took over as CEO (25. November 2014)