Antti Rinne

finnesche Politiker

Den Antti Juhani Rinne, gebuer den 3. November 1962 zu Helsinki, ass ee finnesche Gewerkschaftler a Politiker. Hie war vum 6. Juni 2019 bis den 3. Dezember 2019 Ministerpresident vu Finnland.

Antti Rinne
Gebuertsnumm Antti Juhani Rinne
Gebuer 3. November 1962
Helsinki
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker, Affekot, Gewerkschaftler

De Rinne huet op der Universitéit Helsinki Droit studéiert. Vun 2002 bis 2005 war hie President vun der Gewerkschaft ERTO a vun 2005 bis 2010 an dono bis 2014 Gewerkschaftspresident vun Toimihenkilöunioni an Ammattiliitto Pro.

Hie gouf den 9. Mee 2014 zum President vun der Sozialdemokratescher Partei vu Finnland (SDP) gewielt. Vum 6. Juni 2014 bis den 29. Mee 2015 war hie Finanzminister a Vizepremier an de Regierunge Katainen a Stubb.

Den 3. Dezember 2019 ass hie wéinst engem Strâit an der Koalitioun zeréckgetrueden.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Antti Rinne – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Finnischer Regierungschef tritt zurück." spiegel.de, 03.12.2019 12:54.