Antoine Lefort (Jurist)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Antoine Lefort. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Antoine Lefort.

Den Antoine Lefort, gebuer... zu Iechternach a gestuerwen den 3. Mäerz 1889 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Magistrat.

Antoine Lefort
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Famill
Kanner Émile Lefort

1853 war den Antoine Lefort Untersuchungsriichter beim Bezierksgeriicht zu Dikrech.[2]

Hie war vum 10. August 1860 u bis zu sengem Doud Member vum Staatsrot.[3]

Säi Jong Emile Lefort war och Magistrat a Member vum Staatsrot.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. Kuerz Biographie vum Antoine Lefort am Luxemburger Wort vum 7. Mäerz 1889
  2. Nominatiounen am ordre judiciaire am Memorial A N°88 vun 1853 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-02-11.
  3. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  4. Memorial N°8 vun 1877 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen