Émile Lefort (Jurist)
lëtzebuergesche Jurist
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Émile Lefort. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Émile Lefort. |
Den Émile Lefort, gebuer de 6. Mäerz 1851 zu Dikrech[1] a gestuerwen den 12. Mee 1902 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Jurist.
Émile Lefort | |
---|---|
Gebuer | 1851 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Riichter |
Famill | |
Papp | Antoine Lefort |
Kanner | Antoine Lefort |
Den 13.Oktober 1879 gouf den Emile Lefort fir 3 Joer als Untersuchungsriichter zu Dikrech ernannt.[3]
Hie war vum 30. Januar 1895 bis den 12. Mee 1902 Member vum Staatsrot.[4]
Säi Papp den Antoine Lefort war och Magistrat a Member vum Staatsrot.
Den Diplomat, Ingenieur a Politiker Antoine Lefort war säi Jong.
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1890)[5]
Referenzen
änneren- ↑ Den Emile lefort op www.deltgen.com
- ↑ Civilstand Stadt Luxemburg: Sterbefälle: 12. Mee 1902 am Luxemburger Wort vum 19. Mee 1902
- ↑ Memorial N° 66 vun 1879 S. 793 mat der Ernennung vum Emile Lefort als Untersuchungsriichter
- ↑ Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
- ↑ Memorial N° 8 vun 1890 mat enger Lëscht vu Leit déi am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen