D'Annie Lennox, OBE, gebuer de 25. Dezember 1954 zu Aberdeen, ass eng schottesch Sängerin a Songwriterin.

Annie Lennox
Gebuer 25. Dezember 1954
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Music
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler, Liddermécher
Member vun Royal Society of Edinburgh
Famill
Bestuet mat Mitchell Besser
D'Annie Lennox (2004).

Si gouf als Sängerin vum Pop-Duo Eurythmics bekannt, dat an den den 1980er Joren eng Rëtsch weltwäit Hitten hat, wéi Sweet Dreams (Are Made of This), Here Comes the Rain Again oder There Must Be an Angel (Playing with My Heart). Aner bekannte Lidder si Love Is a Stranger, Who's That Girl?, Here Comes the Rain Again, Sexcrime (Nineteen Eighty-Four) oder Sisters Are Doing It for Themselves am Duett mat der Aretha Franklin. Eurythmics hu weltwäit eng 80 Millioune Placke verkaf.

No der Trennung vum David A. Stewart, der anerer Hallschecht vun Eurythmics, huet si 1992 ma Album Diva (mat Lidder wéi Why, Walking on Broken Glass oder Lovesong for a Vampire hir Solokarriär ugefaangen, mat där se bis haut Succès huet. Medusa (1995) war eng Sammlung vu Coverversioune vu Lidder, déi se gär huet, vun Interprete wéi Petula Clark, Paul Simon oder Procol Harum. HIren drëtte Soloalbum, Bare, koum 2003 eraus, an dee véierten, Songs of Mass Destruction, 2007. Beim Stéck Sing séngt eng ganz Hickecht bekannt Sängerinne mat: Madonna, Melissa Etheridge, Céline Dion, Sugababes, Dido, Anastacia, Gladys Knight, K. D. Lang, Pink, Angelique Kidjo, Bonnie Raitt, Shakira, Sarah McLachlan, Fergie, Beverley Knight, Faith Hill, Martha Wainwright, Joss Stone, KT Tunstall, Shingai Shoniwa, Beth Gibbons, Isobel Campbell a Beth Orton.

Do dernieft huet si op Placke vun anere matgewierkt, ë. a. vum Herbie Hancock, Milton Nascimento, a bei grousse Concerte matgemmach, wéi dem Live 8 2005.

Si huet och u Film-Soundtracke matgeschafft; sou dee vun Apollo 13, a fir hir Interpretatioun vum Titelsong Into the West an The Lord of the Rings: The Return of the King krut se souwuel e Golden Globe wéi och en Oscar.

Um Spaweck änneren

Commons: Annie Lennox – Biller, Videoen oder Audiodateien