Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Anne-Claude Jeitz, gebuer den 20. September 1958 zu Esch-Uelzecht,[1] ass eng lëtzebuergesch Designerin a Glaskënschtlerin.

Anne-Claude Jeitz
Gebuer 20. September 1958
Esch-Uelzecht
Aktivitéit Designer
Member vun Sixthfloor
Famill
Liewenspartner(in) Alain Calliste

Vun 1978 bis 1980 huet si Innendesign zu Paräis op der École nationale supérieure des arts décoratifs a vun 1983 bis 1987 Industriedesign zu Wien op der Hochschule für angewandte Kunst studéiert.

Si war Matgrënner vum Kënschtlerkollektiv Sixthfloor deen zu Käerch op der Neimillen établéiert ass, huet hiren Atelier awer méi spéit an der Stad Lëtzebuerg um Lampertsbierg installéiert.

D'Anne-Claude Jeitz schafft mam Glaskënschtler Alain Calliste zesummen, dee säin Atelier zu Port-de-Lanne am franséischen Departement Landes huet.

Ausstellungen änneren

  • 2016 - Corps à corps am Musée du Verre zu Conches (5. Mäerz - 27. November6) zesumme mam Alain Calliste.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 192