Anna Frebel

däitsch Astronomin an Astrophysikerin

D'Anna Frebel, gebuer 1980 zu Berlin ass eng däitsch Astronomin an Astrophysikerin.

Anna Frebel
Gebuer 1980
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg
Aktivitéit Astrophysiker, Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun International Astronomesch Unioun

Liewen änneren

D'Anna Frebel ass zu Göttingen opgewuess. Nom Abitur huet si zu Freiburg im Breisgau e Physikstudium ugefaangen, dee si an Australien weidergefouert huet. Si huet um Mount Stromlo Observatoire vun der Australian National University zu Canberra promovéiert. Mat engem Stipendium fiert si 2006 mat hirem Studium zu Austin, Texas an 2009 mat engem Fellowship um Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics zu Cambridge, Massachusetts weider. Zanter 2012 ass si Assistenzprofessesch fir Physik am Massachusetts Institute of Technology.

Präisser an Auszeechnungen änneren

 
Kënschtleresch Duerstellung vum HE 1523-0901, ee vun deenen eelste bekannte Stären (Grafik vun der ESO)


D'Frebel an hiert Team hunn 2005 de metalläermste Stär entdeckt an 2007 den eelsten, ongeféier 13,2 Milliarde Joer ale Stär HE 1523-0901. Si schafft bei de Magellan-Teleskopen am Chile.

D'Frebel krut 2009 de Ludwig-Biermann-Förderpreis vun der Astronomescher Gesellschaft an 2010 den Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie vun der American Astronomical Society.

Literatur (Auswiel) änneren

  • Auf den Spuren der ältesten Sterne, Frankfurt am Main: Fischer 2012 ISBN 978-3-10-021512-3 (ugekënnegt) DNB
  • New horizons in astronomy: Frank N. Bash Symposium 2007: proceedings of a workshop held at the University of Texas, Austin, Texas, USA, 14-16 October 2007. San Francisco, Calif.: Astronomical Society of the Pacific, 2008.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. astronomy.org.au: The Charlene Heisler Prize
  2. Anna Frebel beim MIT
  3. dpg-physik.de: Lise-Meitner-Lectures 2010