Andreaskierch zu Uespelt
D'Andreaskierch zu Uespelt ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Beetebuerg–Fréiseng Saint-André, zum Dekanat Süden-Ost an zu der Gemeng Fréiseng gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Uespelt | |||
Par | Beetebuerg–Fréiseng Saint-André | |||
Dekanat | Süden-Ost | |||
Numm / Patréiner | Hl. Andreas | |||
Koordinaten | 49° 31’ 30.1’’ N 06° 13’ 23.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Andreas, deem säi Fest den 30. November gefeiert gëtt.
Se läit am Norde vum Duerf an der Péiter vun Uespelt-Strooss. Nieft der Kierch steet d'Schlass vun Uespelt.
Geschicht
ännerenEng Kapell ass zu Uespelt am Joer 1111 fir d'éischt ernimmt ginn.
Am Joer 1514 ass vun den Uespelter Herrschaften Valerian von Busleyden a senger Fra Anna von Kempt eng gréisser Kierch baue gelooss ginn. D'Kierch war am gotesche Baustil, hat awer e romanesche Klackentuerm. Ronderëm dës Kierch war e Kierfecht ugeluecht mat engem Schankenhaischen.
An de Joren 1875-77 ass déi al Kierch mat engem Deel vum Klackentuerm ofgerappt ginn an déi haiteg Kierch ass gebaut ginn. Se ass (verglach mat der aler Kierch) ëm 90 Grad gedréit un deen ënneschten Deel vum ale Klackentuerm ugebaut ginn. Den 19. Juli 1879 huet de Bëschof Adames déi nei Kierch konsekréiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Andreaskierch zu Uespelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Fréiseng
- D'Fënstere vun der Kierch vun Uespelt op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu