André Schmit (Enseignant)
lëtzebuergeschen Enseignant
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Enseignant André Schmit. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. André Schmit. |
Den André Schmit, gebuer den 1. Juni 1935, a gestuerwen den 2. November 2016 zu Veianen, war e lëtzebuergeschen Enseignant.[1]
André Schmit | |
---|---|
Gebuer | 1. Juni 1935 |
Gestuerwen | 2. November 2016 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Den André Schmit huet seng Karriär als Schoulmeeschter ugefaangen (Promotioun 1954 vun der Normalschoul), spéider gouf hie Professer am Collège d'enseignement moyen et professionnel (CEMPE) zu Ettelbréck, dono Professer an der Europäescher Schoul zu Bergen a schliisslech Directeur adjoint am Lycée technique vun Ettelbréck.[1]
D'Randonnée Jempy Schmitz, déi zënter 1993[2] zu Éiere vum Jempy Schmitz gefuer gëtt, ass vum André Schmit an d'Liewe geruff ginn.[1]
Noruff
änneren- Lex Roth: Äddi, léif Komeroden, Kollegen a Frënn! Luxemburger Wort 11.11.2016, S. 55 (betrëfft: André Schmit, Roger Muller, Jos Scheer).
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Wort 05.11.2016, S. 69 (Avis mortuaires).
- ↑ Participation Randonnée Jempy Schmitz