André Reuter

Lëtzebuerger Wëssenschaftler an Héichschoul-Rektor

Den André François Raymond Reuter, gebuer de 27. Januar 1947 zu Lëtzebuerg, ass e quantitativ orientéierte lëtzebuergeschen Ekonomist, dee sech a senge Virliesunge wéi a senger Fuerschung mat der Gestioun vun Informatiounen, Wëssen a Wäerter befaasst.

André Reuter
Gebuer 27. Januar 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ekonomist, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller

No der Primärschoul um Lampertsbierg an der Première am LGL huet hien Ekonomie op der ULB an um Alfred Weber Institut vun der Heidelberger Universitéit studéiert, wou hie säin Doktorat mat summa cum laude gemaach huet.

Säi beruffleche Wee huet hien als jonken Dozent a Professer vun Heidelberg iwwer Los Angeles an den “Theseus Institute for Innovation, Strategy and Information Technology" an den Technologie- a Wëssenschaftspark Sophia Antipolis bei Antibes geféiert.

Vun 1973 bis 1989 huet hien als Journalist fir verschidden Titele vun der internationaler Wirtschaftspress geschafft, ënner anerem fir d'Frankfurter Allgemeine Zeitung (FAZ) an d'Technische Rundschau vu Bern.

Mat enger Ekipp vu Wëssenschaftler a professionellen Experten huet hien eege Methoden a Modeller, fir d'Transparenz vu Geschäftsprozesser ze verbesseren a fir eng realistesch Evaluatioun vun immaterielle Gidder a Verméigen z'erméiglechen, entwéckelt. Vum Reuter entworf an implementéiert Softwaresystemer si weltwäit am Asaz.

Den André Reuter ass President vum 2004 gegrënnte Lëtzebuerger Fuerschungsinstitut European Institute for Knowledge and Value Management (EIKV)[1]

m Mee 2012 bis Dezember 2015 war hie Rekter vun der "eufom University for Economics and Management"[2] an zanter November 2015 ass hie “Gründungs-Rektor” vun der staatlech unerkannter an accreditéierter “ISEC Hochschule der Wirtschaft” (Institut supérieur de l'économie)[3] zu Lëtzebuerg. Träger vum ISEC-HdW sinn d'Chambre de commerce an d'Chambre des métiers vu Lëtzebuerg[4].

Enn September 2017 huet de Reuter d'ISEC University of Applied Sciences verlooss fir d'DTMD University for Digital Technologies in Medicine and Dentistry[5] mat senge Kolleegen Daniel Grubeanu an Ralf Rössler opzebauen. D'DTMD Universitéit ass offiziell als "Institut de Formation Continue" unerkannt an als eng vun deene ganz wéinegen Héichschoulen an Europa ISO certifiéiert. Den André Reuter ass President vum DTMD University Network mat Partner Universitéiten, akadeemesch Lehrpraxen an Instituter a ganz Europa.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. European Institute for Knwowledge and Value Management
  2. Homepage der eufom University Archivéiert op 2016-09-09. Gekuckt de(n) 2016-09-10.
  3. ISEC Institut Supérieur de l'Économie Archivéiert op 2016-09-23. Gekuckt de(n) 2016-09-10.
  4. Grënnung vun der ISEC am Memorial
  5. Homepage vun der DTMD University