Anchamps
Anchamps ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Den Eisebunnsviaduct tëscht Anchamps a Laifour | |||||
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Ardennes | ||||
Arrondissement | Charleville-Mézières | ||||
Kanton | Revin | ||||
Postcode | 08500 | ||||
Gemengecode | 08011 | ||||
Koordinaten | 49° 55’ 52’’ N 04° 40’ 31’’ O | ||||
Fläch | 2.260 ha | ||||
Bevëlkerung | 234 (2008) |
D'Uertschaft läit um Canal de la Meuse um lénksen Uwänner vun der Meuse an ass iwwer eng Bréck un d'Départementale D1 um rietsen Uwänner ugeschloss, déi vu Revin op Monthermé féiert. Um lénksen Uwänner féiert e Vicinalwee an de Quartier Bouverie vu Revin.
Iwwer seng Gare ass Anchamps un d'Eisebunnsnetz op der Linn Soissons-Givet ugeschloss.
Wéi 2011 de Parc naturel régional des Ardennes entstanen ass, war Anchamps eng vun de Grënnungsgemengen.
-
Schleisebaseng vun der Schleis 48 mat Hiefbréck
-
D'Bréck vun Anchamps