De Canal de la Meuse ass deen Deel vum Canal de l'Est dee vun Troussey am Departement Meuse bis op Givet an den Ardenne féiert. Deen Deel huet bis 2003 Canal de l'Est branche Nord (CeBN) geheescht. E gouf tëscht 1874 an 1887 gebaut, a seng Längt ass 272 km. De Kanal leeft am ieweschten Deel gréisstendeels parallel zur Meuse, wärend am ënneschten Deel vun Inor un, een éischter vun enger kanaliséierter Meuse schwätze kann, op där et just e puer Stécker gëtt wou de Kanal parallel dozou leeft. Meeschtens déngen déi Deeler déi als renge Kanal ausgebaut sinn, fir Meanderen z'evitéieren, wéi um Deel vu Remilly op Pont-Maugis, oder fir grouss Meuseschleefen ze schneiden, a sou vill Ëmweeër ze spueren, wéi z. B. de Canal de Glaire bei Sedan, zwou Ofkierzungen zu Charleville-Mézières, de Kanaltunnel vu Revin, den Tunnel vun Ham-sur-Meuse, e klengen Tunnel bei der Schleis zu Verdun, an e bei Kœur.

De Canal de la Meuse südlech vu Mouzay

D'Schleise vun Troussey bis op Verdun sinn all am Gabarit Freycinet gebaut, an deemno zougelooss fir Schëffer vun der CEMT-Klass 1. Déi duerno bis op Ham-sur-Meuse sinn all eng ronn 10 Meter méi laang, wat awer näischt direkt un der Schëffsklass ännert. Just déi lescht Schleis flossof bei Givet, d'Schleis Quatre Cheminées ass fir Klass IV zougelooss.

D'Dimensiounen déi um Kanal zougelooss sinn, änneren deemno e puermol um Tracé vu Givet bis op Troussey.

Nodeem d'Meuse dann op belschem Territoire ass, ass de ganze Floss kanaliséiert. Dat Stéck vun der Grenz bis op Léck gëtt dacks am ieweschten Deel Meuse Namuroise genannt, a vun der Schleis vun Andenne-Seilles un gëtt och alt de Begrëff Meuse moyenne gebraucht. Fir D'Bauwierker op deem Deel kuckt wgl. Lëscht vun de Bauwierker op der kanaliséierter Meuse.

Zougeloossen Dimensioune vun de Waassergefierer

änneren
Deel vum Kanal Längt (Rudder ageklappt) Breet (iwwer Alles) Déifgank Fräi Héicht Fräi Bordhéicht[1]
Normal Charge Charge en comble
Vun der belscher Grenz bis op de PK 1,900 (Entrée vum Hafe vu Givet) 100,00 11,40 2,20 5,00 0,10 0,30
Vum PK 1,900 bis 200 Meter virun der Schleis N° 58 Trois-Fontaines 100,00 07,70 2,20 5,00 0,10 0,30
Vun der Schleis Trois-Fontaines um PK 7,100 bis virun d'Schleis N° 19 bei Verdun um PK 204,370 047,50 05,50 1,80 3,50 0,10 0,30
D'Schleis N°19 an de Rescht vum Kanal flossop 038,50 05,05 1,80 3,50 0,10 0,30

Geschicht

änneren

Ëm 1776 kënnt fir d'éischt a Frankräich d'Iddi op fir ee Kanal ze bauen deen d'Musel mat der Saône soll verbannen, an och ee fir d'Meuse mat der Musel ze verbannen. De François-Michel Lecreulx, deen Ingenieur bei Ponts et Chaussées an der Provënz Loutrengen war soll ee Projet dofir ausschaffen.

Tëscht 1842 an 1847 mécht de Jean Philippe Lacordaire en neie Projet.

Den 1. Mee 1872 geet et richteg lass. Dem H. Frécot säin neie Projet gëtt vun der Commission d'Enquête an de Conseils généraux vun de betraffenen Departementer ugeholl. Dee Projet gesäit vir, d'Saône an de Rhône mat der Meuse ze verbannen, a sou den Uschloss un déi belsch Kanäl ze maachen. Mat deem Projet hunn d'Fransousen net brauchen duerch déi Gebidder ze fueren déi se 1871 un d'Preise verluer haten.

De 24. Mäerz 1874 gëtt d'Gesetz fir de Bau vum Canal de l'Est gestëmmt an den H. Frécot gëtt Ingénieur en chef-Directeur vum Service dee sech dodrëm soll këmmeren. D'Bauzäit gouf op 8 Joer festgesat an d'Käschte goufen op 65 Millioune Frang geschat. Ee Syndikat vun de 5 betraffenenen Departementer soll dem Staat déi Sue virstrecken.

Schleisen an aner Konstruktiounen um Kanal

änneren
Numm vum Wierk Lag Kilometerpunkt Fonctionnement Bild
30 Schleis vu Mouzay 49° 27’ 52.86’’ N
      05° 12’ 27.23’’ O
152,128 automatiséiert
31 Schleis vu Stenay 148,819 automatiséiert  
Wier vu Stenay 148,200 manuell
Regléierschleis vu Stenay 49° 29’ 39.71’’ N
      05° 10’ 50.71’’ O
148,148 manuell  
32 Schleis vun Inor 142,202 automatiséiert
33 Schleis vu Pouilly-sur-Meuse 137,888 automatiséiert
Wier vun Alma 131,734 manuell
34 Schleis vun Alma 130,765 automatiséiert
Rullbréck vun Alma 130,765 automatiséiert
35 Schleis vu Mouzon 122,493 automatiséiert
Wier vu Villers-devant-Mouzon 118,000 manuell
Porte de garde vu Villers-devant-Mouzon 118,000 manuell
36 Schleis vu Remilly-Aillicourt 112,763 automatiséiert
37 Schleis vu Sedan 107,047 automatiséiert
38 Schleis vu Villette 103,349 automatiséiert
39 Schleis vun Donchery 99,611 automatiséiert
Verbindung mam Canal des Ardennes um lénksen Uwänner 96,273
Wier vun Dom-le-Mesnil 95,273 manuell
40 Schleis vun Dom-le-Mesnil 94,788 automatiséiert
Wier vu Romery manuell
41 Schleis vu Romery 84,280 automatiséiert
Wier vu Mézières manuell
42 Schleis vu Mézières 81,310 automatiséiert
43 Schleis vu Montcy-Notre-Dame 79,090 automatiséiert
Wier vu Montcy-Notre-Dame manuell
Wier vu Joigny-sur-Meuse 70,400 automatiséiert  
44 Schleis vu Joigny-sur-Meuse 70,090 automatiséiert
Wier vu Levrézy 63,810 manuell
45 Schleis vu Levrézy 63,780 automatiséiert
Wier vu Monthermé 57,085 mechaniséiert
Porte de garde vu Monthermé 57,085 manuell
46 Schleis vun Deville 54,240 automatiséiert
Wier vu Commune 50,120 manuell
47 Schleis vu Commune 49° 54’ 48.48’’ N
      04° 42’ 09.92’’ O
50,000 automatiséiert  
Wier vun Dames de Meuse 47,350 manuell
48 Schleis vun Dames de Meuse 45,410 automatiséiert
Hiefbréck vun Dames de Meuse 45,410 manuell
 
Wier vun Orzy 49° 55’ 55.64’’ N
      04° 38’ 44.17’’ O
40,910 manuell (Nolewier)  
49 Schleis vun Orzy 49° 55’ 58.24’’ N
      04° 38’ 51.58’’ O
40,680 automatiséiert  
Wier vu Saint-Nicolas 49° 55’ 56.09’’ N
      04° 37’ 31.99’’ O
manuell (Nolewier)  
Tunnel vu Revin (224 Meter) 49° 56’ 34.37’’ N
      04° 38’ 38.62’’ O
39,190  
Bassin d'attente vu Revin 49° 56’ 37.51’’ N
      04° 38’ 38.82’’ O
39.100  
50 Schleis vu Revin 49° 56’ 38.80’’ N
      04° 38’ 42.29’’ O
39,080 automatiséiert  
Wier vu Saint-Joseph 33,260 manuell
51 Schleis vu Saint-Joseph 32,980 automatiséiert
Wier vun Uf 49° 59’ 05.38’’ N
      04° 42’ 10.70’’ O
30,460 manuell  
52 Schleis Uf 30,410 automatiséiert
Wier vu Vanne-Alcorps 50° 00’ 08.43’’ N
      04° 41’ 39.21’’ O
26,160 manuell (Nolewier)  
53 Schleis vu Vanne-Alcorps 25,660 automatiséiert
Wier vu Fépin 50° 01’ 01.05’’ N
      04° 43’ 47.89’’ O
22,700 manuell (Nolewier)  
54 Schleis vu Fépin 22,420 automatiséiert
Wier vu Montigny-sur-Meuse 50° 02’ 45.01’’ N
      04° 43’ 25.14’’ O
18,920 manuell  
55 Schleis vu Montigny-sur-Meuse 17,080 automatiséiert
Wier vu Mouyon 13,300 manuell
56 Schleis vu Mouyon 13,120 automatiséiert
Hiefbréck vun Ham-sur-Meuse 50° 06’ 39.20’’ N
      04° 46’ 05.44’’ O
9,400 manuell  
Wier vun Ham-sur-Meuse 50° 06’ 41.85’’ N
      04° 46’ 13.95’’ O
9,150 manuell  
57 Schleis vun Ham-sur-Meuse 8,360 automatiséiert  
Tunnel vun Ham-sur-Meuse 7,435  
58 Schleis 3 Fontaines 7,100 automatiséiert  
Porte de garde des 4 cheminées 2,780 manuell
Rullbréck 4 cheminées 2,780 mechaniséiert
Wier 4 cheminées 2,650 mecaniséiert
59 Schleis 4 cheminées 0,510 mechaniséiert  

Gemenge laanscht de Kanal

änneren
 
De Kanal zu Mouzon

An den Ardennen:

Givet, Chooz, Ham-sur-Meuse, Aubrives, Vireux-Wallerand, Montigny-sur-Meuse, Haybes, Fumay, Revin, Monthermé, Bogny-sur-Meuse, Nouzonville, Charleville-Mézières, Nouvion-sur-Meuse, Donchery, Sedan, Remilly-Aillicourt a Mouzon.

An der Meuse:

Pouilly-sur-Meuse, Inor, Martincourt-sur-Meuse, Stenay, Mouzay, Sassey-sur-Meuse, Dun-sur-Meuse, Liny-devant-Dun, Vilosnes-Haraumont, Sivry-sur-Meuse, Consenvoye, Brabant-sur-Meuse, Samogneux, Champneuville, Vacherauville, Bras-sur-Meuse, Belleville-sur-Meuse, Verdun, Haudainville, Dieue-sur-Meuse, Génicourt-sur-Meuse, Ambly-sur-Meuse, Troyon, Lacroix-sur-Meuse, Rouvrois-sur-Meuse, Saint-Mihiel, Bislée, Kœur-la-Petite, Sampigny, Vadonville, Lérouville, Commercy, Vertuzey an Troussey.

Um Spaweck

änneren
Commons: Canal de la Meuse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. D'fräi Bordhéicht ass d'Minimalhéicht vum Bord déi aus dem Waasser iwwer dem plan de flottaison bei engem Schëff dat net fiert muss erausstoen.