An Amerika
An Amerika ass e Lidd, deem säin Text vum Michel Lentz kënnt. Säi Jong Edmond Lentz huet d'Melodie geschriwwen[1],[2]. D'Lidd gëtt och alt no senger éischter Zeil, Vu mengem Dueref goung ech hier genannt.
Déi eelst ëffentlech Opféierung war den 19. November 1881 am Restaurant Faber[3] ënner Begleedung vum Orchestre du Corps des Chasseurs zu Lëtzebuerg[4].
Et gëtt op d'mannst 14 verschidden Opname vun dësem Lidd, ënner anerem vum Marcel Jander (1959), vum Carradine (2010) a vum Serge Tonnar a Georges Urwald (2020)[5].
Am Lidd geet et ëm d'Auswanderung no Nordamerika, déi vill Lëtzebuerger am 19. Joerhonnert betraff huet[6].
Text
ännerenAn Amerika (Vu mengem Dueref goung ech hier) 1. Vers: |
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ https://musique.uni.lu/wp-content/uploads/sites/19/2019/03/LENTZ-Edmond-Pierre-Mathias.pdf
- ↑ Fiche Michel Lentz op autorenlexikon.lu (nogekuckt: 27.08.2024).
- ↑ De Restaurant Faber war e Restaurant am fréiere Gebai vum Cercle.
- ↑ https://viewer.eluxemburgensia.lu/ark:70795/38psqh/pages/3/articles/DTL128?search=Amerika
- ↑ Fiche op cover.info (nogekuckt: 27.08.2024).
- ↑ https://www.autorenlexikon.lu/page/author/334/3345/DEU/index.html