Marcel Jander

lëtzebuergesche Sänger a Schauspiller
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Marcel Jander, gebuer den 11. November 1917 am Neiduerf, a gestuerwen de 16. Oktober 2005 zu Mutfert, war e lëtzebuergesche Sänger a Schauspiller.

Marcel Jander
Gebuer 11. November 1917
Neiduerf
Gestuerwen 16. Oktober 2005
Mutfert
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger, Schauspiller
Famill
Kanner Carmen Welter-Jander

Hien huet 1937 seng berufflech Karriär op der Bunn ugefaangen an huet vun 1946 bis zu senger Pensioun am Joer 1974 an der Rangéiergare zu Bouneweg geschafft[1].

Am Joer 1938 huet seng Theaterkarriär bei bei der Lëtzebuerger Operettebün ugefaangen. Spéider ass hien dunn am Heemechtstheater a vun 1970 u beim Eugène Heinen am Lëtzebuerger Theater opgetrueden.

Als Sänger hat hie nach bal méi Erfolleg wéi als Schauspiller. Hien huet eng 30 Titelen op Schallplack opgeholl.

Literatur änneren

  • Nilles, Léon N. Nicolas. Marcel Jander : 40 Jahre Theater an Der Städtischen Bühne. Revue (1978): Revue Luxembourg Jg. 33(1978), Beilage Zur Ausgabe 8/78 (1978), P. 62-66, Ill. Print.
  • Spautz, Roger. Marcel Jander. Lëtzebuerger Journal (1980): Lëtzebuerger Journal Jg. 83(1980), Nr. 130, pp. 8–9, Ill. Print.

Referenzen an Notten änneren

  1. Marcel Jander im Ruhestand. Luxemburger Wort, 127. Jg., n° 216, p. 6. (23.09.1974). Gekuckt de(n) 05.06.2022.