AAT - Garten- und Teichfreunde Luxemburgs

D'AAT – Garten- und Teichfreunde Luxemburgs Asbl, och nach bekannt als AAT - Amis des aquario- et terrariophiles, meeschtens einfach AAT genannt, ass eng Associatioun déi 1972 mat dem Zil vum Studium a Schutz vun der bedreeter Flora a Fauna vu Lëtzebuerg gegrënnt gouf.

A.A.T. - Garten- und Teichfreunde Luxemburgs[1]
Ofkierzung AAT
Zweck Studium a Schutz vun der bedreeter Flora a Fauna
Grënnungsdatum 1972
Sëtz Haus vun der Natur
Den Heckefräsch, Dezember 2007

D'AAT hunn hire Sëtz am Haus vun der Natur op der Kockelscheier. D'Gesellschaft ass ee vun den Dréier vun der Stëftung Hëllef fir d'Natur an huet bis 2015 d'Zäitschrëft Heckefräsch erausginn[2], eraus.

Weider Aktivitéite vun der Vereenegung sinn: aktiven Naturschutz ëm d'Haus, Waasser-, Trausch- an Ziergäert, Reproduktioun vu bedreeten Déieren- a Planzenaarten, a Publikatiounen iwwer d'bedreet Natur.

Ee vun de Grënnungsmemberen an éischte President vun der AAT ass den Henri Regenwetter.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Sou ënnert der Nummer F4240 am Handelsregëster agedroen
  2. Mat der Nr. 117/118, 33. Joergank, koum den Heckefräsch am Februar 2015 fir d'lescht an där Form eraus. Cf. Heckefräsch 117/118 2015 S. 3.