Den Amerikanesche Bison (oder einfach Bison; Bison bison) ass en nordamerikanescht Rand aus er der Gattung vun de Bisonen.

Amerikanesche Bison

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Artiodactyla
Ënneruerdnung: Déieren, déi idderzen
Famill: Rannerdéieren (Bovidae)
Ënnerfamill: Bovinae
Gattung: Bisonen (Bison)
Wëssenschaftlechen Numm
Bison bison
Linnaeus
Verbreedungsgebitt

Den Amerikanesche Bison huet eng Schëllerhéicht vun 1,90 Meter an ass bal 3 Meter laang. E ka 50 km an der Stonn lafen. De Stéier ka bis 900 kg schwéier ginn, d'Bisonskou hallef sou vill.

Amerikanesch Bisone ginn ongeféier 25 Joer al. Hire Pelz besteet aus zwou Loen: eng waarm bannenzeg Lo an eng déck, baussenzeg Lo, déi schützt. Wa s'op d'Welt kommen, kënne kleng Bisone schonn no enger hallwer Stonn stoen, an e puer Stonnen drop lafen.

D'Kéi an d'Kaalwer vun de Bisone liewe gewéinlech an Träpp vun enger 50 Déieren, d'Stéiere sinn Eenzelgänger oder liewen a klenge Gruppen. Am August a September siche se sech Kéi fir sech ze verkoppelen.

De Wisent (oder Europäesche Bison), an der Aler Welt ass enk Famill mat him.

Et gëtt haut eng 30.000 Exemplare vum Amerikanesche Bison; en ass deementspriechend geschützt. Virum 19. Joerhonnert gouf et nach Milliounen där Béischten, déi all Joer iwwer sougenannt "Büffelpied" am Fréijoer an den Norden an am Hierscht an de Süde gezu sinn.

D'Indinaer hunn zanter jeehier Juegd op de Bison gemaach, wat awer keng Menace fir d'Aart bedeit huet. Eréischt am 19. Joerhonnert gouf vun den europäeschen Awanderer de Bison systematesch, scho bal industriell, gejot, woubäi bei all Juegd alt Honnerten oder Dausende Béischte geschoss goufen. Et hätt net vill gefeelt, an de Bison wier komplett ausgerott ginn.