Beta
Buschtaf
De Beta (griicheschen Neutrum, Majuskel Β, Minuskel β, an der Mëtt vum Wuert och ϐ) ass den zweete Buschtaf vum griicheschen Alphabet a steet am griicheschen Zuelesystem un zweeter Plaz.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/3e/Greek_letter_beta_serif%2Bsans.svg/200px-Greek_letter_beta_serif%2Bsans.svg.png)
Gebrauch vum Beta
änneren- Als Betastralung gëtt an der Physik eng Form vu Stralung déi ioniséiert (vergl. Radioaktivitéit) bezeechent.
- An der Software-Entwécklung ass d'Beta-Versioun eng virleefeg Versioun, wou Tester (och Betatest genannt) virgeholl kënne ginn, ier s'an den Handel kommen.
- De Betafacteur bezeechent an der Finanzwirtschaft de systematesche Risiko vun engem Wäertpabeier oder Portfolio.
- Als Betaverdeelung gëtt an der Stochastik eng kontinuéierlech Warscheinlechkeetsverdeelung bezeechent.
- Am statistesche Verfahre vun der Regressiounsanalys bezeechnen d'Betaen déi standardiséiert b-Gewiichter.