Den Alpha Centauri Bb ass e méiglechen Exoplanéit, deen ëm de Stär Alpha Centauri B kreest. Hien ass ongeféier 4,37 Liichtjoer vun eis ewech am südleche Stärebild Centaurus. Seng Entdeckung gouf am Oktober 2012 bekannt gemaach.

De Video weist e Fluch duerch d'Duebelstäresystem Alpha Centauri A a B. Beim Ofschloss kënnt beim Erukommen un den Alpha Centauri B dee neientdeckte Planéit an d'Gesiichtsfeld.

D'Entdeckung gouf a Fachkreesser vun Ufank u mat Skepsis gesinn. Nei Ënnersich hunn d'Entdeckung net bestätegt (awer och net definitiv widerluecht).[1]

Wann de Planéit existéiert, ass et deen der Äerd am nooste bekannten Exoplanéit an ee vun de massenäermste bekannte Planéiten, déi e sonnenänleche Stär ëmkreesen. D'Mindestmass vum Exoplanéit ass vun den Entdecker mat ronn 1,1 Äerdmassen uginn. Den Orbit vum Exoplanéit um Alpha Centauri B ass mat enger Ëmlafperiod vun 3,236 Deeg an enger grousser Hallefachs vun 0,04 AE uginn. Op Basis vum leschte Wäert ass dovun auszegoen, datt et sech am Fall vu senger Existenz ëm e Gestengsplanéit handelt, op deem Liewe méiglech ass.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Submitted text; PDF): “It may be premature to attribute the 3.24 day RV variations to an Earth-mass planet.”