Aloyse Deitz

lëtzebuergesche Sculpteur
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Aloyse Deitz, gebuer den 22. Juni 1909 zu Diddeleng, och do gestuerwen den 13. Juli 1975[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur.

Aloyse Deitz
Gebuer 22. Juni 1909
Diddeleng
Gestuerwen 13. Juli 1975
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

Hien huet säi Studium zu Bréissel op der Académie royale des beaux-arts an op der deemoleger École nationale supérieure d'architecture et des arts décoratifs gemaach[1].

Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Ernest Grosber, Albert Kratzenberg a Léon Nosbusch, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc op der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert.[2],[3] Hien ass och bekannt wéinst Statioune vum Kräizwee dee vun Diddeleng op de Gehaansbierg féiert.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Anthologie des arts au Luxembourg, S. 63
  2. Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
  3. Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.