Almaz oder Almas (Russesch fir "Diamant") – oder OPS (Orbitalnaja Pilotiruemaja stanzija fir "Bemannte Orbital-Statioun") – war eng Rei vun deelweis bemannte kënschtleche Satellitte vun der Sowjetunioun am äerdnoen Orbit. Zesumme mat der DOS-Rei (russesch: Dolgovremennaja orbitalnaja stancija fir „Laangzäit-Orbital-Statioun“) huet si en Deel vun de Saljut-Raumstatiounen duergestallt.

Stréchzeechnung vun enger Almaz-Raumstatioun

Si huet besonnesch fir Opklärung gedéngt. Den Ënnerscheed zu den DOS-Statiounen huet fir déi deemoleg Verhältnesser héichopléisend Fototechnik gestallt, déi fir Opklärungszwecker benotzt goufen. Fotoe konnten op der Plaz entwéckelt ginn.

Den Almas-Programm hat 1973 ugefaangen. Am Joer 1978 gouf hien ënnerbrach an ouni ouni e weidere Start am Joer 1980 komplett agestallt.

Almaz 1 änneren

Almaz 1 gouf aus militäresche Geheimgrënn ënner dem Decknumm Saljut 2 den 3. Abrëll 1973 gestart. Knapps e Mount méi spéit, den 29. Abrëll 1973 waren no engem Drockverloscht all Instrumenter ausgefall, wourophin si den 28. Mee 1973 ofgestierzt ass.

Almaz 2 änneren

Almaz 2 oder Saljut 3 war déi drëtt Saljut-Statioun, déi hiren Orbit erreeche konnt. Si gouf de 25. Juni 1974 gestart a sollt vun zwou Sojus-Besatzunge besicht ginn. Si gouf awer nëmme vun der Sojus-14-Crew benotzt, well d'Sojus-15-Missioun ofgebrach hat misse ginn. De 24. Januar 1975 gouf Statioun kontrolléiert zum Ofstuerz bruecht an ass an der Äerdatmosphär vergloust.

Almaz 3 änneren

Almaz 3 oder Saljut 5 gouf den 22. Juni 1976 gestart an hat zwou Sojus-Crews (Sojus 21 a Sojus 24) fir 67 Deeg als Domizil gedéngt. D'Sojus-23-Missioun hat Almas 3 net erreecht. Den 8. August 1977 gouf d'Statioun kontrolléiert zum Ofstuerz bruecht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren