Alfred Schmitt
franséischen Astronom
Den Alfred Schmitt, gebuer den 30. November 1907, a gestuerwen den 2. Abrëll 1975, war e franséischen Astronom, deen um Observatoire vun Alger an de Joren 1930 – 1940 geschafft huet. Duerno koum hien an den 1950er Joren an den Observatoire royal de Belgique op Uccle. Seng Publikatiounen huet hien all mat A. Schmitt signéiert.
Alfred Schmitt | |
---|---|
Gebuer |
30. November 1907 Bust |
Gestuerwen |
2. Abrëll 1975 Stroossbuerg |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Astronom |
Famill | |
Bestuet mat | Odette Bancilhon |
De Schmitt huet véier Asteroiden entdeckt.
Tëscht 1940 an 1948, huet hie seng Mataarbechterin Odette Bancilhon bestuet.
Den Asteroid (1617) Alschmitt, dee säi Frënd Louis Boyer zu Alger entdeckt huet, dréit säin Numm.
(1215) Boyer | 19. Januar 1932 |
(1614) Goldschmidt | 18. Abrëll 1952 |
(1622) Chacornac | 15. Mäerz 1952 |
(3156) Ellington | 15. Mäerz 1953 |