Den (1215) Boyer ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 19. Januar 1932 vum franséischen Astronom Alfred Schmitt um Observatoire vu Bouzareah bei Alger entdeckt gouf an de 27. Januar dat selwecht Joer vum däitschen Astronom Karl Reinmuth vum Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl confirméiert gouf.

(1215) Boyer
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,5777 A.E.
Exzentrizitéit 0,1332
Sideresch Ëmlafzäit 4,139 Joer
Mëttel Bunnvitess 18,55 km/s
Inklinatioun 15,017 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 20 km
Absolut Hellegkeet 10,848
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Alfred Schmitt
Entdeckungsdatum 1932
Plaz Observatoire vu Bouzareah
Aner Bezeechnungen 1932 BA

Den Asteroid huet den Numm vum franséischen Astronom Louis Boyer deen eng Zäit um Oberservatoire vun Alger, (haut CRAAG), geschafft huet.

An der Zitatioun vum Dictionary of Minor Planet Names 5. Editioun steet:

Fräi Iwwersetzung: Den Asteroid krut den Numm zu Éiere vum Louis Boyer, Astronom um Observatoire vun Alger an um Observatoire vun Nice, dee sech intensiv mat Koméiten an Asteroide beschäftegt huet. Déi Zäit, wéi hien zu Alger geschafft huet huet hie 40 Asteroiden entdeckt an zu Nice huet en un den Identifikatioune geschafft.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren