Alfred Oppenheimer
Den Alfred Oppenheimer, gebuer den 11. Oktober 1901 zu Metz a gestuerwen de 5. Oktober 1993, war e Geschäftsmann.
Alfred Oppenheimer | |
---|---|
Gebuer | 11. Oktober 1901 |
Gestuerwen | 5. Oktober 1993 |
1925 huet hie sech zu Lëtzebuerg niddergelooss, wou hie seng Fra Aline Kahn kennegeléiert huet. Si kruten 1930 hiren eenzege Jong, de René.
No der däitscher Invasioun vum 10. Mee 1940 krut den Alfred Oppenheimer, well hie Judd war, d'Geschäftsaktivitéite verbueden.
Hie gouf mat senger Fra a sengem Jong an d'Duerchgangslager op d'Pafemillen bruecht, vu wou se de 17. Juni 1943 iwwer Tréier a Berlin an d'KZ Theresienstadt verschleeft goufen. Seng Fra ass do den 12. Dezember 1943 un Erschëpfung gestuerwen. Am Oktober 1944 goufen hien a säi Jong getrennt an d'KZ Auschwitz-Birkenau transportéiert. Den 11. Oktober, um Dag vu sengem 42. Gebuertsdag, gouf hie gewuer datt säi Jong an der Gaskummer ëmbruecht gi war. Am Januar 1945 gouf d'Lager vun de sowjeteschen Truppe befreit.
1961 huet hien als Zeie beim Eichmann-Prozess zu Jerusalem ausgesot.
Hien huet 1991 d'Fondation René Oppenheimer gegrënnt.
Literatur
änneren- Haag, Emil, 2011. Le sort de la population juive. Trois cas de figure: Edmond Israël, Alfred Oppenheimer et Josy Schlang, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles, Éditions Guy Binsfeld, Lëtzebuerg, 576 Säiten (ill.), ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 430-437.
- Moyse, Laurent, 2011. Du rejet à l'intégration. Histoire des Juifs du Luxembourg des origines à nos jours, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 288 Säiten, ISBN 978-2-87963-810-2, Ss 199-202, 206, 232, 238, 254
- Scuto, Denis, 1993. "Alfred Oppenheimer: un grand témoin est mort." Tageblatt Nr. 229 (7. Oktober 1993), S. 10.
- René Clesse, Die Natur ist gnädiger als die Menschen, Ons Stad, 1991, Nr 36, S. 22-25, PDF
Um Spaweck
änneren- D'Aussoe vum Alfred Oppenheimer beim Eichmann-Prozess op www.nizkor.org (68-08) (en)
- D'Aussoe vum Alfred Oppenheimer beim Eichmann-Prozess op www.nizkor.org (68-09) (en)
- "Den Alfred Oppenheimer iwwert Persecutioun, Deportatioun an Exterminatioun." rtl.lu, 08.12.2021 (Interview mam Alfred Oppenheimer vum 4.11.1990; RTL Archiv).