D'Alfonsinesch Tafelen (lat. Tabulae Alphonsinae) waren en astronomescht Wierk mat Tabelle fir d'Berechnung vun der Positioun vun der Sonn, dem Äerdmound an de fënnef klassesche Planéite Merkur, Venus, Mars, Jupiter a Saturn, dat ëm 1252 bis 1270 op Uerder vum Alfons X. vu Kastilien a León ënner Leedung vun de jiddesche Geléierte Jehuda Ben Mose an Isaak Ben Sid zu Toledo zesummegestallt gouf.

D'Alfonsinesch Tafelen an enger spéitmëttelalterlecher Handschrëft.
D'Alfonsinesch Tafelen an enger spéitmëttelalterlecher Handschrëft.

Zil war et, d'Toledaner Tafelen ze korrigéieren. Déi Alfonsinesch Tafelen hunn d'Joer op 365 Deeg, fënnef Stonnen, 49 Minutten a 16 Sekonne festgeluecht. D'Wierk war am Ufank op Spuenesch geschriwwen a gouf spéider op Latäin iwwersat. Et gouf dat aflossräichst astronomescht Wierk an Europa, bis datt et am 16. Joerhonnert duerch d'Prutenesch Tafele vum Erasmus Reinhold ofgeléist gouf, déi um Wierk De Revolutionibus Orbium Coelestium vum Nikolaus Kopernikus baséiert hunn. De Georg von Peuerbach huet sech fir säin astronomescht Buch Theoricae novae planetarum op d'Alfonsinesch Tafele baséiert.

Literatur änneren

  • José Chabás: The Diffusion of the Alfonsine Tables. The case of the Tabulae resolutae. In: Perspectives on Science 10, 2002, S. 168–178.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie