Félix Heck

lëtzebuergeschen Industriellen

Den Alexis Félix Victor Heck, gebuer den 31. Juli 1874 zu Dikrech a gestuerwen ?..., war e lëtzebuergeschen Industriellen.

Félix Heck
Gebuer 31. Juli 1874
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Industriellen
Famill
Papp Alexis Heck

Hie war de Fils vum Alexis Heck.

Hien hat d'Iddi fir de Bau vum éische Vëlodrom zu Lëtzebuerg, deen hien och realiséiert huet an deen de 15. Juli 1894 zu Dikrech ageweit gouf.[1],[2]

Am Juli 1895 huet de Vëlosclub 'Rapid Club de Bruxelles' d'Vëloscourse 'Namur - Diekirch' organiséiert déi am Vëlodrom zu Dikrech ukoum.[1]

1896 hat de Félix Heck zu Dikrech eng Fabrick fir Likören.[1],[3]

Tëscht 1909 an 1914 huet de Félix Heck zu Etterbeek (Bréissel) op der Adress Chaussée Saint-Pierre n°211-213 eng Autosfabrick gehat. Hien huet seng Autoen ënner der Mark F.I.F. verkaaft.[1],[4],[5]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 De Félix Heck op 'saviez-vous que' op der Internetsäit vun der Gemeng Dikrech
  2. Artikel iwwer déi Courssen am Velodrome zu Dikrech de 15. Juli 1894 an der Zeitung 'L'indépenance luxembourgeoise' vum 16. Juli 1894 op eluxemburgensia.lu
  3. Brennereien a Liqueurfabricken op www.industrie.lu
  4. F.I.F. op LES CONSTRUCTEURS BELGES PAR DANIEL ABSIL um Site vum ROYAL VETERAN CAR CLUB BELGIUM   asbl
  5. Alexis Heck a Félix Heck an engem Artikel vum Le Quotidien op www.pressreader.com