Den Albert an d'Isabelle (och als Albrecht an Isabella bekannt) ass eng Habsburger Koppel, déi déi éisträichesch an déi spuenesch Kroune matenee verbonnen, a vu 1598 bis 1621 déi Südlech Nidderlanden an d'Franche-Comté (de Burgundesche Krees, deen deemools mat der spuenescher Kroun verbonnen war) regéiert hunn.

Albert an Isabelle
Titelen
Verwalter fir de Felipe III.,
Kinnek vu Spuenien
Zäit vu 1598 bis 1621
Virgänger Felipe II.
Nofollger Felipe IV.
Biographie

De 6. Mee 1598 huet sech den Äerzherzog Albert VII. vun Éisträich (1559-1621), Bouf vum Keeser Maximilian II., mat senger Kusinn, der Infantin Isabella vu Spuenien (1566-1633), der Duechter vum Kinnek Philippe II. vu Spuenien bestuet. Zesummen hu si vu 1598 bis 1621 de südlechen Deel vun der fréiere Spueneschen oder Burgundeschen Nidderlanden – an deemno och Lëtzebuerg – verwalt. Si hunn d'Stad Lëtzebuerg am Joer 1599 besicht[1].

D'Koppel krut tëscht 1605 a 1608 dräi Kanner (Anna Mauritia, Philipp, Albrecht) déi all am Kandsalter gestuerwe sinn. Nom Doud vum Äerzherzog am Joer 1621 sinn d'Südlech Nidderlanden an d'Grofschaft Bourgogne direkt hannescht un d'spuenesch Kroun gaangen. D'Isabelle ass du Generalgouverneurin vun de Südlechen Nidderlanden ginn.

Hir zwéin Nimm gi vun Historiker fir déi Zäit bal ëmmer zesumme genannt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Albrecht VII. an am Artikel Isabelle vun Éisträich

Fir un den Albert an d'Isabelle z'erënneren, gouf um Belair an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no hinne genannt: d'Avenue des Archiducs.

Um Spaweck änneren

Commons: Albert – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Isabelle vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (de)Evy Friedrich, Paul Ruppert, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.lu (1979). Gekuckt de(n) 14.11.2023.