Adrienne Juncker

lëtzebuergesch Textilkënschlerin

D'Adrienne Juncker, gebuer de 17. Oktober 1923 zu Niderviller a gestuerwen 1989 zu Stadbriedemes, war eng lëtzebuergesch Textilkënschtlerin.[1]

Adrienne Juncker
Gebuer 17. Oktober 1923
Niderviller
Gestuerwen 1989
Stadbriedemes
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Textilkënschtlerin
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

Liewen an Aarbecht änneren

D'Adrienne Juncker ass an d'Handwierkerschoul an der Stad Lëtzebuerg gaangen. Si huet Textiltapisserie a Wanddekoratioune gemaach. Si huet u Konscht- an Handwierksausstellungen doheem an am Ausland deelgeholl an huet hir Wierker zu Tunis (1970-1971),[2] Arel (1972) an a Kanada (1975)[3] ausgestallt, an och zesumme mam Frantz Kinnen, mat der Colette Probst-Wurth an der Andrée Wirion an der Ausstellung Les Métiers de création du Benélux am Musée fir Konschthandwierk vun der Provënz Antwerpen um Schlass Sterckshof zu Deurne bei Antwerpen (1975).[4]

Si war Member vum Kënschtlerveräin Cercle artistique de Luxembourg, wou si vun 1985 un den alljärleche Salonen deelgeholl huet,[5] Si huet 1964 de Prix Benelux um Artisanat de création et architecture zu Bréissel gewonnen.

Gielercher änneren

  • 1964 Prix Benelux

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. "Adrienne Juncker", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. "Artisanat d'Art Luxembourgeois à Tunis", Luxemburger Wort, 2. Januar 1971.
  3. "Artisanat d'art luxembourgeois au Canada", Luxemburger Wort, 10. November 1972.
  4. "Benelux-Werkkunst-Ausstellung 1975", Luxemburger Wort, 28. Juni 1975.
  5. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Luxemburg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.