Adams (Moundkrater)

Moundkrater

Den Adams ass en Aschlagkrater am Oste vun der viischter Moundsäit, südëstlech vum Mare Fecunditatis, südëstlech vum Krater Petavius a südlech vum Krater Legendre.

Adams
Krater Adams (Foto: Lunar Orbiter 4)
Koordinaten 31°53'24"S, 68°23'24"O
Duerchmiesser 63,3 km
Déift 4.190 m
Selenographesch Längt 293° bei Sonnenopgank
Genannt no Walter Sydney Adams, Charles Hitchcock Adams, John Couch Adams
Genannt am Joer 1970
Moundvéiereck LQ28
Ëmgéigend vum Adams (LROC-WAC)

De Krater ass normal erodéiert mat engem zimmlech flaachen Zentrum.

Hie gouf am Joer 1970 vun der I.A.U. nom britteschen Astronom John Couch Adams (1819–1892) an no den amerikaneschen Astronomen Charles Hitchcock Adams (1868–1951) a Walter Sydney Adams (1876–1956) genannt.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 31,54° S, 65,67° O7 31 km [1]
C 32,35° S, 65,52° O7 11 km [2]
D 32,42° S, 71,4° O7 46 km [3]
M 34,72° S, 69,3° O7 25 km [4]
P 35,14° S, 70,87° O7 25 km [5]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren