D'Abtei vun Aulne ass eng Zisterzienser-Abtei am Hainaut an der Belsch.

D'Ruin vun der Kierch

Si ass net wäit ewech vun Thuin a Gozée a läit um rietsen Uwänner vun der Sambre.

Der Legend no gouf se 657 vum Hellege Landelin gegrënnt.

1794 gouf d'Abtei vu franséische Revolutiounstruppen zerstéiert. De Generol Charbonnier hat Feier leeë gelooss a mat der Abtei ass dunn och d'Bibliothéik mat 50.000 Bicher verbrannt.

Haut gesäit een nach d'Ruine vun der Abteikierch. 1875 ass eng nei Kierch gebaut ginn op der Plaz wou virdrun d'Klouschter stoung.

Um Spaweck änneren

Commons: Abbaye d'Aulne – Biller, Videoen oder Audiodateien