Den Abell 901 ass e masseräiche Galaxiëkoup am Stärebild Leo. Hie läit ongeféier 2,6 Milliarde Liichtjoer vun eis ewech an huet eng Gréisst vu ronn 16 Millioune Liichtjoer. Hie bilt zesumme mam Abell 902 e Superkoup. Den Numm leet sech vum Vermierk am Abell-Katalog of.

Bekannt goufen déi zwéi Kéip duerch d'Entdeckung vu staarker Röntgenstralung duerch de Satellit ROSAT an den 1990er Joren, déi vun de Galaxiëkéip ausgeet. Aus Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop, XMM-Newton an anere Fotoe vun der Regioun konnt d'Verdeelung vun donkler Matière am Beräich vum Galaxiëkoup rekonstruéiert ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren